Bonnevoie: Mercedes - Stär op dem Haus, oder just een Décor? geléist!

Mehr
7 Jahre 2 Monate her #258 von admin
Hei Infos vum Albert Wolter:


Zum Mercedes Stär an der route de Thionville.
Hei wat um Site Daimler.com ze fannen ass:
Bereits am 24. Juni 1909 beantragt die Daimler-Motoren-Gesellschaft Gebrauchsmusterschutz für den Mercedes-Stern. Er wird am 9. Februar 1911 in das Warenzeichenregister eingetragen.
Eingesetzt als Markenzeichen auf dem Kühler der Mercedes-Fahrzeuge wird jedoch vom Jahr 1910 an nur das dreistrahlige Symbol. Seine Arme stehen für den Einsatz der Daimler-Motoren in Landfahrzeugen, in Schiffen und in der Luftfahrt.

Also onwahrscheinlech dat 1909 op dém Haus a Mercedesstär do zesummen hänken.




Di Haal wous de drënner d’Entrée als Foto hues huet den Albert Lutgen géint 1970 baue geloos. D’Entrée ass d’’Façade vun der Villa Brincourt aus dem Boulevard Royal déi dun ofgerappt gouf a wu den Albert Lutgen d’Steng recupéréiert an adaptéire geloos huet (Laut Dr. Philippart).
Den Albert Lutgen woar ganz vun Technik begeistert, a woar den éischte Sponsor vum Train 1900. Leider ass hien esou em 1974/1975 gestuerwen.
Virwaat dé Virbau zu der moderner Haal?
Abbé den Albert wollt do seng Sammlung un aalen techneschen Equipementer ausstellen. Niewend Autoen hat hien eng Lokomobil an Italie kaft a wollt zu Déifferdeng d’ADI 9, d’Schwesterlok vun der ADI 8 di haut nach a Fond-de-Gras fiert kafen. D’ARBEDs Leit hun awer a blannem Eifer (firwaat?) direkt ugefang d’Maschinn ze verschrotten, d’Zylinderblek Biellen Steirung an aner Sachen hu mir als Ersatzdéler a Gras transferéiert. Mir wollten him dun nach ADI 14 schmackhaft machen (Modell wi eis Anna Nr 9) mä déi hat dun just eng Mëttelkupplung fir d’Humpen op den Typ ze drëcken an ëmmer e stuppejen Kaméin fir ennert ierjendwelche Passagen duerch ze kommen. Je si huet nët ganz schéin ausgesin, an den Albert Lutgen wollt du keng Lok.
Do hat den Albert Lutgen och nach Statuen firgesin vun techneschen Pionéieren an ech mengen mech ze erënneren dat an enger vun den Arcaden eng stung (de Benz, den Daimler oder wien?)
Op jidde Fall wi hien oni direkt Nokommen (seng Duechter woar kurz virdrun jonk gestuerwen) ass wi ze erwarden, alles schnellstens ennert den Hummer komm, an zu Geld gemaat gin.
Dat vu menger Séit als Info.



Den Daum (ech hun en als Willy Daum an Erënnerung) huet jorelang un de Kaméiner op der Hadir an ARBED Entretien gemaat.
Hien hat och d’Wëssen fir Kamainer emzeléen. Do sin grouss Lecher ënnen an de Kamain gebrach gin a mat Holz ofgesteipt gin. D’Holz huet hien anscheinend selwer erausgesicht. Wann et dann esou wéit woar ass den Holzënnerbau kontrolléiert a Brand gesaat gin an de Kaméin ass dann als ganzt op déi Séit gefall wou den Daum berechent hat. (Nët wi de Killturm virun e puer Joer zu Déifferdeng). Während de Kamain gefall ass stung hien anscheinend do an huet bis en flach luch mat enger Trillerpéif gepaff (fir him Äddi ze soen?).
Dat hun ech alles vu verschiddene Léit erzielt krut , hun awer de Mann nie begéint.
MbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
7 Jahre 2 Monate her #256 von carloStem
betrëft Gebäi mam "AL"

Hei am attach fand der d'Informatioun vun wou déi Fassad hirkënnt. Dat ass eent vun deene schëine Gebäier déi an den 70 Joren um Blv Royal ofgerappt gi sinn. Weider Détailler am attach. Vleicht gett et nach eng Foto vun der Fassad, da kéint en vergleichen well do schengen Steng an der rue Houffalize anescht ze sinn wéi um Blv Royal. Bei där Gelegheet ass vleicht den AL drakomm.

Den Auszuch ass aus "Ons Stad" nr: 16 Säite 16
Anhänge:

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
7 Jahre 3 Monate her - 7 Jahre 3 Monate her #254 von admin
Dat wor allen Informatiounen no déi biselo erakoumen effectif d'Mercedes Garage vum Här Albert Lutgen, allerdings lang no 1909. Hei gesait een seng Initialen AL och um Gebai nierwen drun:


Letzte Änderung: 7 Jahre 3 Monate her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
7 Jahre 5 Monate her - 7 Jahre 5 Monate her #235 von jmo
War dat de Mercedes - Stär op dem Haus, oder just een Décor?




Maison - 1909: 182 route de Thionville, Luxembourg (Photos: 19.7.2008 jmo)

1948/49: Daum Guillaume, 182 route de Thionville, Luxembourg , constructeur de cheminées d'usines



<=1962: Garage Albert Lutgen: Mercedes, Simca, Willys - 184-192 route de Thionville, Luxembourg
Letzte Änderung: 7 Jahre 5 Monate her von jmo.
Folgende Benutzer bedankten sich: diwa

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.090 Sekunden
Zum Seitenanfang