Geléist: Versandhaus Luxemburg - 1902

Mehr
9 Jahre 11 Monate her #79 von jmo
Hei ass d'Äntwert vum Här Phillipart:

Op aale Fotoën wou d'Beem ewech geholl gin, erkennt een en Haus wou "Café du Cercle" drop steet. Do misst d'"Versandhaus" gewiecht sin, sou gutt ech d'Biller matenee vergläichen kann. Aus dem "Café du Cercle" gouf de "Café de Paris" an ass haut de "Français". De Kiosk stëmmt och mat deem op de Photoën iwerteneen. Ech gi ganz dervun aus datt et d'Pëss d'Arm ass vum Dicks-Lentz Denkmal a Richtung Cercle gekuckt. Déi jonk Beem op der Zeechnung weisen och op d'Neibeplanzung vun der Plaaz hin. De Kiosk datéiert vun 1875. Déi jonk Beem op dem Bild goufen 1870 geplanzt an 1904 ersat. Demno datéieren ech d'Mole vun Aerem Bild op ca 1880.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
9 Jahre 11 Monate her - 9 Jahre 11 Monate her #77 von jmo
Wou war d' Versandhaus Luxemburg ëm 1902 an der Stad?


Kinnt ët d'Plëss sin?

Villmols am Viraus fir all Hëllef!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 9 Jahre 11 Monate her von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.076 Sekunden
Zum Seitenanfang