Café ..ff Braun - Brasserie d'Esch

Mehr
8 Jahre 11 Monate her #140 von admin
Hei ass d'Äntwert vum Herr Hermes:

E schéine gudde Metteg

Dir hut eng Foto vun engem Café wou e Bouf mat sengem Pluschdéierchen virun der Cafésfenster steet. Dem Café Braun. Wann desse Café zu Esch sollt sinn, da kann et baal nemmen an der rue de Neudorf sinn. An zwar kann dee Café op der 59 oder 60 (Adress vun haut) gewierscht sinn. Géigeniwwer vun desser Adress do steet haut d’Haus 54. Dat huet déi selwescht Fensteren a Fenstersteng ewéi an der Spigelung vun deser Cafésfenster ze gesinn sinn. An der rue de Belvaux hun ech keng esou Heiser fond. Dir kennt iech dat jo emol op Google Steet View ukucken.

Vill Spaas

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
9 Jahre 1 Monat her - 9 Jahre 1 Monat her #127 von jmo
Café ..ff Braun - Brasserie d'Esch wurde erstellt von jmo
Café ...ff Braun - Bières de la Brasserie d'Esch

Mir sichen wou dëse Café war / ass?

Riets nierwend dem Plüschdéier stet 64, de Schluss vun der Telefonsnummer?

1948/49 gouf ët zu Esch, 67 rue de Neudorf de Café Jean Braun
1962 gouf ët zu Esch, 12 rue de Belvaux de Café Mme Braun

Vleicht erkennt och een sëch do op der Fënsterbänk.

Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.076 Sekunden
Zum Seitenanfang