Ennerstëtzt de Projet industrie.lu mat der Bestellung vun der industrie.lu - DVD oder dem industrie.lu - USB Stick:

  • elo mat iwwert 5.000 Saiten, iwwert 28.000 Fotoën, iwwert 46.000 internen Linken! (Stand: 5.5.2018)


Prais mat Porto:  24€
 
Bei Bestellung vun der "industrie.lu - DVD" resp. dem "industrie.lu -  USB Stick" kritt Dir déi jeeweils aktuellst Versioun vun industrie.lu, mat enger ganz performanter Recherchefunktioun heem geschéckt.

Dës DVD resp. dësen USB Stick kënnt als Äntwert op déi vill Ufroen no enger Versioun vun industrie.lu déi een "an de Grapp" huelen kann an op d'Fro wéi een industrie.lu ënnerstëtze kann. Wéinst den dausenden Säiten, Biller a Linken vun industrie.lu ass et leider ganz schwéier industrie.lu als Buch erauszeginn.

D'industrie-lu-DVD oder den industrie-lu - USB Stick erméiglechen natierlech och nach méi eng grouss Verbreedung vun den Informatiounen déi op dem Site industrie.lu publizéiert sinn, a gëtt jidderengem d'Méiglechkeet eng eege Kopie ze hunn. Kontaktéiert eis ënnert This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. fir weider Informatiounen.

Weiderhëllefen kann een eis awer och mat alen Dokumenter, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpakung, Reklammen, Fotoen, Bicher, asw. vun lëtzebuerger Industrien. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Der natierlech zréck!


Villmools Merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!

industrie.lu a.s.b.l.
IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Präziséiert w.e.g. bei der Bestellung ob Dir den  industrie-lu-DVD  oder den  industrie-lu - USB Stick wëllt