Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. 

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 11.000 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram / Twitter, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Phone: +(352) 621 247 909


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

D'industrie.lu - Tablet (8" oder 10", Android, wifi) mat dem ganzen Inhalt vun industrie.lu (och ouni Internet/wifi - Connectioun - fir Lait déi hir eege Versioun vum "industrie.lu" wëllen hun, oder fir Lait déi keen Internet hun, oder déi zu all Moment wëllen op "industrie.lu" zougraifen)

industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg - op iwwert 7.500 Saiten an mat iwwert 37.000 Fotoën an 100.000 internen Linken - mat enger performanter Sichfunktioun!
Gréisst bei 8": ongeféier 20 x 15 cm (anner  Gréissten sinn op Bestellung méiglëch)

Den ideale Cadeau fir een anneren oder fir sëch selwer!

Prais ouni Porto: 130/150 € (dëse Prais variéiert je no Modell)

 

De Moment ass d'industrie.lu - Tablet leider en rupture de stock!

D'industrie.lu-Tablet kënnt als Äntwert op déi vill Ufroën no enger Versioun vun industrie.lu déi een "an de Grapp" huelen kann a op d'Fro wéi een industrie.lu ënnerstëtze kann. Wéinst den dausenden Saiten, Biller a Linken vun industrie.lu ass ët leider ganz schwéier industrie.lu als Buch erauszegin. D'industrie.lu-Tablet ass vill méih licht ewéi ee Buch an dem Format, a kann och nach fir villes anneres benotzt gin.

D'industrie.lu-Tablet erméiglëcht natirlëch och nach méih eng grouss Verbreedung vun den Informatiounen déi op dem Site industrie.lu publizéiert sin, a gët jidderengem d'Méiglëchkeet eng eege Copie ze hun. 

Weiderhëllefen kann een eis awer och mat aalen Dokumenter, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpakung, Reklammen, Fotoen, Bicher, asw. vun lëtzebuerger Industrien. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Der natierlech zréck!

Villmols merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!

Kontaktéiert eis ënnert This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. fir weider Informatiounen.

1.10.2023:

  • industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg - elo op iwwert 11.000 Säiten.
  • industrie.lu - Die Industriegeschichte Luxemburgs - jetzt auf über 11.000 Seiten.
  • industrie.lu - L'histoire industrielle du Grand-Duché de Luxembourg - maintenant sur plus de 11.000 pages.
  • industrie.lu - The industrial history of the Grand-Duchy of Luxembourg - now on more than 11,000 pages.

    Villmools Merci u Jiddereen deen dobäi matgehollef huet!

 

Weiderhëllefen kann een eis weiderhin mat Informatiounen, Verbesserungen, aalen Dokumenter, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpakung, Reklammen, Fotoen, Bicher, asw. vun lëtzebuerger Industrien. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Der natierlech zréck!

Ennerstëtzen kann een de Projet industrie.lu awer och mat der Bestellung vum industrie.lu - USB-Stick oder engem Don:

 

"industrie.lu - USB-Stick" mat dem ganzen Inhalt vun industrie.lu

Bei Bestellung vum "industrie.lu - USB - Stick"  kritt Dir déi jeweils aktuellst Versioun vun industrie.lu, mat enger ganz performanter Recherchefunktioun heem geschëckt.

Prais mat Porto:  30 €

 

Villmols merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!

industrie.lu a.s.b.l.
IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Den neien industrie.lu - Site bitt nei Méiglechkeeten. Fir dës Méiglechkeeten benotzen ze kënnen, muss een just lënks uewen ee Compte uleeën.

D'Uleeën vun engem Compte ass gratis.

 Et kann een duerno:

  • Beiträg an de Forum setzen,
  • Annoncen fir eppes ze verkaafen, ze tauschen oder ze sichen op den industrie.lu setzen.

 


Sot eis w.e.g Bescheed wéi eng nei Funktionnalitéiten nach kinnten baikommen.

Go to top