Wéini gouf dës Brëck gebaut?

Plus d'informations
il y a 6 ans 2 mois #308 par admin
Réponse de admin sur le sujet Wéini gouf dës Brëck gebaut?
Hei eng Info vum Rita Watgen:
D’Ständegesellschaft ass 1795 zu Lëtzebuerg ofgeschaaft ginn. Mee et kéint sinn datt mat Stände och Les Etats provinciaux gemengt sinn, datt war eng Institutioun déi ënnert hollännescher Herrschaft ab 1815 ageféiert gi sinn. ( do waren vertrueden 20 Adeleger an dann jee 20 Memberen fir Staat an 20 fir Land). Déi haten och ënnert anerem en Budget ze geréieren fir ëffentlech Bauten asw.

Villmools merci!

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 6 ans 3 mois #304 par AndréK
Réponse de AndréK sur le sujet Wéini gouf dës Brëck gebaut?
Des Breck huet ganz secher näischt mat der Eisebunn zedin, dei as do verlaf, wou haut d'Velospist verleft. Dei Breck as vun dem ale Wee den lanscht Sauer gangen as, ier d'N10 zesumme mat der Eisebunn ugeluecht gin as. Ech schätzen d'Inschrift as aus dem 18. Joerhonnert. Ech hun mer se selwer virun enger Zeit ugekukt a machen mech elo och emol un d'Liesung vun der Inschrift. :)

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 6 ans 3 mois - il y a 6 ans 3 mois #303 par admin
Wéini gouf dës Brëck gebaut? a été créé par admin
Hei si Biller vun enger Bréck zu Déiljen (Dillingen), si ass dréche gebaut an steet nach quasi perfekt an der Landschaft.


Hei ass déi Schrëft déi op där Brëck ass:



Leider kréien ech d'Schrëft nët ganz entziffert:

DIE BRUCK IST GEMACHT
WORDEN ZU FOLG DES
REGLEMENT VON DEN
STAENDHEN XXXXXXXXXXX GRO
HERZOGTHUM LUXE
BURG

War dëst eng Eisebunnsbrëck vun der Sauerstreck? oder ass se méih aal ewéi 1873, d'Joër wou d'Streck gebaut gouf.
GROßHERZOGTHUM LUXEMBURG >=1815
Bis wéini gouf ët d'"Stände" zu Lëtzebuerg?


Villmools merci am Viraus fir all Hëllef!

bis dann,

jm
Dernière édition: il y a 6 ans 3 mois par admin.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.083 secondes
Aller au haut