Wou gouf dës Foto gemaach? Geléist: Remeleng

More
10 years 7 months ago - 8 years 4 months ago #47 by jmo
Hei ass d'Äntwert déi mer haut vum Här Hermes kruten:

De Bremsberg deen dir op der Photo sicht ass keen. Et si just d'Gleiser vum Tunnel vun 60 Meter deen an der Mine Lanneberg erauskennt, zu Rëmeleng rue St. Joseph beim 2 leschten Haus lenks. Dat Haus dat een do vun hannen gesäit as d'Haus No 27 an der rue St. Joseph ( A Wuerdert / Wuodert). Dat ass dat 2 lescht Haus lenks wann en aus dem Zentrum wu Rëmeleng kennt . Dat klengt Haus uewen am Besch ass d'Tennisclubhaus. D'Schinen déi een um Bild gesäit ginn an den Tunnel eran déi ennen am Bild hannert dem Fotograf ass. Hie stung esouzesoen um Tunnel.


Lannebierg, Rumelange © Origine Administration du Cadastre et de la Topographie Luxembourg (ACT) - Extrait de la carte topographique à l'échelle 1: 25.000 édition 1954 - Autorisation de publication du 20.10.2010.»
De roude Punkt markéiert d'Entrée vum Tunnel
Last edit: 8 years 4 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 11 months ago #27 by jmo
Wou gouf dës Foto gemaach?

Vir si mol Gleiser (vun engem Plang/ plan incliné?) ze erkennen

Villmols merci am Viraus fir all Hiweis!

jmo

E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.079 seconds
Go to top