Geléist: PRODHOLUX, Strassen - 1967

More
9 years 2 months ago - 9 years 2 months ago #117 by admin
Replied by admin on topic Geléist: PRODHOLUX, Strassen - 1967
Hei ass eng Info déi mir vum Här Wallenborn kruten:
Et handelt sech effektiv em eng Cooperativ déi am Joer 1967 gegrënnt gin ass vun der Fédération Horticole professionelle an hiren Membren. Den Siège wor zu Strossen op 96 rue du Kiem (nieft den Fours Hein) an haut huet d'Firma Stugalux do en grousst Lager. Den Zweck wor eng Handelsplattform ze hun fir den Echange vun den Produzenten an Verkeefer vun Wueren aus den Letzebuerger Gärtnereien. Hei konnt een awer och Gebrauchswueren kafen ouni mussen wait an d'Ausland ze fueren. Hei hun dann d'Produzenten hier Planzen dei se gezillt hun Bsp Freijorsplanzen (Geranien, Petunien, ...) an Zemmerplanzen ( zb. Poinsettia = Weinachtsstern, Farne, Ficus) ausgestallt an dann un aaner Gaertner dei just en Geschäft haten verkafen. Den Verkaf un den Produzent as iwert d'Cooperativ gelaf mettels enger Kommissoun un d'Cooperativ dei d'Gebailechkeet jo gestalt an ennerhal hun. Donieft as och gesuergt gin fir eng gemeinsam Akafspolitik vun verschidden Gebrauchswueren ze machen. Blummendeppen Coupen(Pflanzschalen) an Torf zb as an groussen Quantitéiten kaaf gin fir en besseren Akafprais ze kréien. Fir déi verschidden wueren ze transportéiren huet en zolitt Këschten gebraucht. Et goufen 2 verschidden Moosen an op der Foto ass déi kleng Këscht ze gesin dei ca 40 op 25 cm an dei grouss ca 80 op 30 cm grouss woren. Den Numm vun desen Holzcajo wor agebrannt fir se erem zeerkennen.

Leider ass des ganz Activitéit an deenen verschiddenen Wirtschaftskrisen ënnergangen sou dass d'Gebailechkeeten schon ufank den 90 joeren verkafgin sin, an d'Cooperative dunn 2012 definitv opgeleist gin ass. Daat eenzegt waat aus der Zait iwerlieft huet as den Valentinscortege den lo ufangs Februar all joers an der Stad Letzebuerg vun der ex-Gaertnerféderatioun haut JongGaertner-an JongBauren Verband organiséiert gëtt.

Vun der Fédération Horticole Luxembourgeoise krute mer d'Buch: "75 Joër Fédération Horticole Luxembourgeoise 1931 - 2006"

wou och eng Partie Informatiounen a Fotoën iwert d'PRODHOLUX dra stin.



Villmols merci un d'Madam Walentiny an d'Hären Felten, Hertges, Pelles a Wallenborn fir hir Hëllef an dësem Fall!
Last edit: 9 years 2 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 4 months ago - 9 years 4 months ago #110 by jmo
Mir sichen Informatiounen iwert d'Firma PRODHOLUX, Strassen

Hei ass eng Foto vun engem Cajo, den 1967 vun der Caisserie Birkel vu Saeul gemach gouf.

Vu wat ass PRODHOLUX d'Ofkierzung? PRODuits HOrticoles LUXembourg?
Wéini a vu wiem gouf se gegrënnt?
Wou war dee Betrieb zu Stroossen?
Wat huet se gemach/verkaaft?
Bis wéini huet se existéiert?

Villmols merci am Viraus fir all Äntwert!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Last edit: 9 years 4 months ago by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.077 seconds
Go to top