Monument Kirchberg: Converter aus wéi enger Schmelz? geléist

More
1 year 4 months ago #261 by admin
admin replied the topic: Monument Kirchberg: Converter aus wéi enger Schmelz? geléist
Hei ass eng Info vum Här Mackel: Dat war effectif de Konverter No 5 vu Schëffleng. D'Nummer 5 gouf ofgerappt wéi den 2. LDAC Konverter opgeriecht war.

Villmols merci!
More
1 year 10 months ago #226 by admin
admin replied the topic: Monument Kirchberg: Converter aus wéi enger Schmelz? geléist
Moien,

Mai Papp (Joergang 28) huet zu Schëffleng an der Schmelz geschafft (AES), hie woar Mäschter am "Atelier de Construction".

Ëch woar déi Zäit um Technikum um Kirchbierg.

Enges Dags soot hie mär:

"So Jong, där kritt elo eng Konverterbir vun äis virun d'Schoul gesaat!"

Ëch woar natiirlech begéschtert dës Noricht un d'Schoulkollegen weider ze ginn.

Déi hunn awer all gemengt ech hätt se nët méi all.

Eng kuerz Zäitchen duerno stung d'Bier do.

Dat woar esou Mëtt 70 Joer, kucken dat awer nach genee no.

Jean-Paul Reuter
More
1 year 11 months ago - 1 year 10 months ago #220 by jmo
jmo replied the topic: Monument Kirchberg: Converter aus wéi enger Schmelz? geléist
Dës Thomasbir kinnt aus der Diddelenger Schmelz stammen...

All weider Info ass wëllkomm!

Affaire à suivre
Last Edit: 1 year 10 months ago by admin.
More
2 years 3 weeks ago - 1 year 10 months ago #204 by admin
admin created the topic: Monument Kirchberg: Converter aus wéi enger Schmelz? geléist

Aus wéi enger Schmelz stammt déi Converter - Bir déi zënter ville Joëren um Kirchbierg als Monument stet?
uni.lu - Campus Kirchberg (ancien Institut Supérieur de Technologie / Ecole technique / Technikum") rue Richard Coudenhove-Kalergi, Luxembourg, Kirchberg (Photo: 14.6.2010 jmo)

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Last Edit: 1 year 10 months ago by admin.
Time to create page: 0.183 seconds
Go to top