D'industrie.lu - Tablet (8" oder 10", Android, wifi) mat dem ganzen Inhalt vun industrie.lu (och ouni Internet/wifi - Connectioun - fir Lait déi hir eege Versioun vum "industrie.lu" wëllen hun, oder fir Lait déi keen Internet hun, oder déi zu all Moment wëllen op "industrie.lu" zougraifen)

industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg - op iwwert 7.500 Saiten an mat iwwert 37.000 Fotoën an 100.000 internen Linken - mat enger performanter Sichfunktioun!
Gréisst bei 8": ongeféier 20 x 15 cm (anner  Gréissten sinn op Bestellung méiglëch)

Den ideale Cadeau fir een anneren oder fir sëch selwer!

Prais ouni Porto: 130/150 € (dëse Prais variéiert je no Modell)

 

De Moment ass d'industrie.lu - Tablet leider en rupture de stock!

D'industrie.lu-Tablet kënnt als Äntwert op déi vill Ufroën no enger Versioun vun industrie.lu déi een "an de Grapp" huelen kann a op d'Fro wéi een industrie.lu ënnerstëtze kann. Wéinst den dausenden Saiten, Biller a Linken vun industrie.lu ass ët leider ganz schwéier industrie.lu als Buch erauszegin. D'industrie.lu-Tablet ass vill méih licht ewéi ee Buch an dem Format, a kann och nach fir villes anneres benotzt gin.

D'industrie.lu-Tablet erméiglëcht natirlëch och nach méih eng grouss Verbreedung vun den Informatiounen déi op dem Site industrie.lu publizéiert sin, a gët jidderengem d'Méiglëchkeet eng eege Copie ze hun. 

Weiderhëllefen kann een eis awer och mat aalen Dokumenter, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpakung, Reklammen, Fotoen, Bicher, asw. vun lëtzebuerger Industrien. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Der natierlech zréck!

Villmols merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!

Kontaktéiert eis ënnert Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! fir weider Informatiounen.