Walzgerüst vu wéi enger Diddelenger Walzstrooss? Geléist!

Mehr
1 Jahr 9 Monate her - 1 Jahr 9 Monate her #656 von chwerner
Daat ass d'Gerëscht vum Stéckel

D'Breet vun de Walzen misst 1670 mm sinn. Di 1670 mm ass d’Breet vun der Arbechtswalz, där mi dënner, uewen op ärer Photo.

De Steckel, e Quarto (4 Walzen) Warmwalzgerëscht, reversibel (konnt an deenen 2 Richtungen laafen). Beidseiteg vum Gerescht woren 2 Opwéckeler installéiert, déi an énger isoléierter a gehëtzter Kabin stoungen, fir méiglechst wéineg Hëtz am Produkt ze verléieren.

De Blech ass doranner vun ca. 150 mm op ca. 2 mm gewalzt gin. Fir unzefänken ass d’Bramm iwere d’Rollgäng gelaaf, a wann d’Déckt vum Blech et erlabt huet sin d’Opwéckler agesaat ginn.

Di Walzstrooss ass am Kader vum Marshall Plang gebaut gin, well Letzebuerg zu där Zäit kéng Produktionsméiglechkeet haat fir Breedband ze walzen.
Folgende Benutzer bedankten sich: admin, jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 7 Monate her - 2 Jahre 7 Monate her #601 von jmo
Zu wéi enger Diddelenger Walzstrooss huet dëst, beim Lycée Nic-Biever - Diddeleng ausgestallten, Walzgerüst gehéiert?




Villmools merci am Viraus fir all Tuyau! Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.080 Sekunden
Zum Seitenanfang