Mine Kirchberg Rëmeleng? Geléist!

Mehr
1 Jahr 8 Monate her - 1 Jahr 8 Monate her #658 von admin
De Philippe Aschman huet d'Léisung - Et ass d' Neelfabrik zu Biissen !

Villmools Merci!

Dës Foto woar falsch beschrëft, duerfir de ganze Mëssel!


Villmools Merci och un all déi déi matgehollef hunn dës Fro ze léisen!
Letzte Änderung: 1 Jahr 8 Monate her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 9 Monate her #653 von admin
Gudde Moien

déi Foto soll eis hei de Kierchbierg vu Rëmeleng weisen. Ech hunn hei meng Zweiwel dass dat hei zu Rëmeleng ass.

Elo hunn ech zu Nidderkuer och ee Kierchbierg fonnt.

Kann äe Foto eis hei Nidderkuer weisen an net Remeleng ?



mbG

Claude Hermes

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 6 Monate her - 3 Jahre 6 Monate her #535 von clauhe
Mine Kirchberg Rëmeleng? Geléist! wurde erstellt von clauhe
Op der Säit "Mine Kirchberg Rumelange" solle mär op der leschter Foto de Kirchberg vu Rëmeleng gesinn.


Ass dat hei Rëmeleng? Et ginn hei e puer Elementer déi mech stéieren. Lenks ass een Industriekamäin an an der Mett een héije Mast ze gesinn. Wat soll hei gewiescht sinn? Dann de Kierchtuerm. Déi Kierch déi haut do steet geng ech hei op der Foto méi no riets gesinn. Da gouw et nach eng aner Kierch zu Rëmeleng. Déi stung um aale Kierfecht (Eck rue d'Esch-rue du Partengrund). Déi ging ech hei op der Foto éischter méi no lenks, hannert de Mast gesinn. Och de Bierg ( Hutbierg) ganz riets schengt mär net héischt genuch ze sinn. An zum Schluss nach de klengen Hiwwel lenks an der Mett. Esou wät ech wees war hei alles flaach. Mä kukt iech d'Foto mol un an da kenn dir mär, eis, jo mol är Meenug dozou schreiwen.
Merci.
Letzte Änderung: 3 Jahre 6 Monate her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.083 Sekunden
Zum Seitenanfang