Zënter e puer Deeg ass een lëtzebuerger Ducal - Radio "Mikado" mat Plackespiller an der industrie.lu - Collectioun:
Dëse Radio hu mer an Däitschland an der Géigend vu Frankfurt / Main fonnt. D'Ducal-Radiosfabrik war an der aaler Händschefabrik am Gronn. D'Holzgehaiser vun de Radioën goufen zum gréissten Deel a Miwwelschrainereien wéi z. B. Heintz-Walch, Dikkrech gebaut. D'Blech - Chassisën koumen vu Berl, der eelster lëtzebuerger Fabrik déi nach ëmmer Produkter aus Blech produzéiert. |
Biselo hu mer 3 lëtzebuerger Radioën an der industrie.lu - Collectioun: 2 Ducal - Radioën, an 1 Jibelux - Radio.
Den 2. Ducal - Radio ass de Modell "Cadet". Dee gouf iwwregens och an Däitschland fonnt. Ducal war e ganz dynamesche Betrib an huet ewéi ee gesäit nom 2. Weltkrich och eng Partie Radioen exportéiert. |
|
De Jibelux - Radio ass ee raren Art Déco - Virkrichsmodell dee mer virun e puer Joer an England recuperéiert hunn. Dëse Radio gouf ëm 1935 vum Jean Borck an der Stad gebaut. Jibelux steet fir: Jean Borck Luxembourg |
De Prinzip vun industrie.lu ass net fir mordicus alles selwer ze hunn, mais haaptsächlech fir Informatiounen zesummenzedroen. Fotoen / Scanns / Kopien ginn duer fir aus ville Puzzelstécker ee méi komplett Bild ze maachen!
Mir freeën eis natierlech och iwwert all weidert Stéck!