Ennerstëtzt de Projet industrie.lu mat der Bestellung vun dem industrie.lu - USB Stick:
|
Dësen USB Stick kënnt als Äntwert op déi vill Ufroen no enger Versioun vun industrie.lu déi een "an de Grapp" huelen kann an op d'Fro wéi een industrie.lu ënnerstëtze kann. Wéinst den dausenden Säiten, Biller a Linken vun industrie.lu ass et leider ganz schwéier industrie.lu als Buch erauszeginn.
Den industrie-lu - USB Stick erméiglecht natierlech och nach méi eng grouss Verbreedung vun den Informatiounen déi op dem Site industrie.lu publizéiert sinn, a gëtt jidderengem d'Méiglechkeet eng eege Kopie ze hunn. Kontaktéiert eis ënnert This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. fir weider Informatiounen.
(D' industrie-lu - DVD gëtt et zënter 2023 net méi, well de Contenu vum industrie.lu net méi op eng DVD passt.)
Weiderhëllefen kann een eis awer och mat alen Dokumenter, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpakung, Reklammen, Fotoen, Bicher, asw. vun lëtzebuerger Industrien. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Der natierlech zréck!
industrie.lu a.s.b.l.
IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL
: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Gitt och w.e.g. Är komplett Postadress un (well déi steet net um Virement)!
Villmools Merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!