Welcome, Guest
Username: Password: Secret Key Remember me
  • Page:
  • 1

TOPIC: Wou ass dësen Accident geschitt?

Wou ass dësen Accident geschitt? 5 years 3 months ago #88

Hei ass ee Mail vum Claude Hermes:

Op ärem Internetsite Industrie.lu do hu dir eng Foto vun engem Autosaccident. Där frot do ewou dat ka sinn ( Mersch ? ). Ech hun haut eng Foto gemach vum Haus No 63 rue Principale zu Cruchten.


Et kann sech hei em dat Haus handelen wat där sicht. Riets op menger Foto do geet et an rue Neuve. Wann deen Auto aus desser Stroos komm ass an no lenks an rue Principale wollt ofbéien dobäi d’Kéier net richteg grut da rennt hien an dest Haus. Dat géif och erklären virwat de Steen vun der Trap lenks vun der Dier läit an dat Schongofbotzeisen dat an der Mauer ass net futti ass. Op menger Foto do gesäit een och dass déi Steng ronderem Dier an d‘Fensteren nei sinn, d’Klapplueden sinn och net méi do. De Baam riets vum Haus op äerem Bild deen en do nemmen hallef gesäit ass och nach do, ewoubäi dat Haus an der Mett op ären Bild do steet haut eng Scheier. Mä ewéi gesot et mus sech net unbedingt em dës Plaz handelen.
Vill Spaas a bis dann.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Wou ass dësen Accident geschitt? 5 years 5 months ago #83

hei sin 2 Biller (vun delcampe.com) vum Showroom vum Garage Saur an der Stad. Do steht een Auto mat esou enger Plaque: 918N1

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by Robert.

Wou ass dësen Accident geschitt? 5 years 6 months ago #80

Hei ass d'Äntwert déi mer via de Goy Feltes kruten:

La plaque 9xx-N1 provient de l'arrondissement minéralogique de Nancy (avant les départements, et bien plus vaste), et date de fin septembre ou tout début Octobre (le 02 ?) 1907.

Villmols merci!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Wou ass dësen Accident geschitt? 5 years 6 months ago #78

Hei sinn nach 2 Détailopnahmen:

Den Auto ass ee Peugeot, aus dem Grand Garage G. Saur-Koch, Boulevard-Royal, Luxembourg,
Ass dëst eng lëtzebuerger Autosplaque?


D'Qualitéit vun der Foto ass esou gutt, dat ee esouguer d'Marque vun de Pneuën Michelin gelies kritt!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by jmo.

Wou ass dësen Accident geschitt? 5 years 11 months ago #60

Gudden Owend,

Kinnt dat do nët tëschend Biereng a Méisdrëf, oder an der rue Lohr zu Miersch sin?

E schéine Bonjour,

Gilles

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by Gilles.

Wou ass dësen Accident geschitt? 6 years 5 months ago #25


(Photo collection: industrie.lu)

Wou a wéini ass dësen Accident geschitt? an der Géigend vu Miersch? (dat steht mol hannen op der Foto drop)
Den Här, lënks am Bild, schingt Vollkasko gehat ze hun wann een de Propriétaire vum Auto war, well ee gesait nët gestress aus...



Villmols merci am Viraus fir all Hiweis!
Un grand merci d'avance pour toute info!
Vielen Dank im Voraus für jede weitere Information!

Jean-Marie Ottelé

E-Mail: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by jmo.
  • Page:
  • 1
Time to create page: 0.197 seconds
Go to top