industriegeschicht - letzebuerg & éisterräich

More
1 year 2 months ago #712 by Lakert1900
Replied by Lakert1900 on topic industriegeschicht - letzebuerg & éisterräich
Salut,
En Deel vu mengen Viirfahren kommen och aus Eisträich. Den éichten wuar de Christoph Herzog an huet 1780 an eng stack Maacher Famill abestuedt. Hien wuar Fuhrmann. Seng Kanner hun en Altwarenhandel zu Gréivemacher während baal 100 Joer bedriwwen. Main Ururgrousspapp wuar Gipser a Stuckateur an huet de Grondsteen geluecht fir d'S.a.r.l. Herzog vu Welfrange déi ët haut na gëtt. D'Firma Herzog wuar an der Zäit bekannt fir hier Stuckarbechten. Na haut zielt se zu den traditionellen Lëtzebuerger Handwierksbetrieber an schaffen nach vill per Hand no den aalen Gipser Techniken.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 4 months ago #707 by Minettsdapp
Replied by Minettsdapp on topic industriegeschicht - letzebuerg & éisterräich
Hei um industrie.lu hun ech nach zousätzlech folgend fonnt, mat Links:

Einwanderer aus Tirol:

Jungers (Ischgl, 1709), Kintzele, Kugeler, Lessel, Mungenast, Salner (Ischgl), Schlottert, Tschiderer (Ischgl), Zangerle, etc.

Rubrik: Industrie & Geschicht

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 4 months ago #704 by pol_polchen
salut,

ech hunn dëst thema opgemaach, well ech e groust interessi un der gemeinsamer geschicht vun de länner lëtzebuerg an éisterräich hunn an hei och bei mir eng méi déif recherche leeft. an ech wollt mol an d'ronn froen, ob iech evtl. nieft de grousse bekannten detailer an der wirtschaft nach weider industrien, biographien oder evenementer afalen, déi fir dee sujet a fro kommen. also wat een natierlech weess:

d'tschidderer, déi agewandert sinn an eng selleche fabriken etc. gegrënnt hunn,
villeroy & boch,
méi rezent dann d'geschicht vun kronospan an ceratizit.

gëtt et nach weider wichteg developpementer, op déi ech uecht misst ginn?

ech freeë mech, vun den experten ze héieren!

merci,

pol

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.074 seconds
Go to top