Hei ass eng schéin Etiquette "Eau de table gazeuse Klingelbronn", déi eis de Rico Winandy erageschëckt huet:
Op der Etiquette ass eng Vue vum "Kaaschtel" (Kräizgank a Kapell), e Site tëscht Mondorf-Bad an Altwies, geleeën a Frankräich op knapps 100 Meter vun der Grenzbaach Ganer (dt. Gander). Den Etiquettendrock stammt vu Lith.M.Huss, Luxbg.
Ass dëst eng Etiquette aus der Ufankszait vun
Cristal Mondorf
oder war ët just ee Projet a gouf nie ënnert där Form benotzt?
Wiesou gouf de Numm "Klingelbronn" an nët "Kléngelbour" oder "Klingelbrunnen" benotzt?
Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!
Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.