Wéi ee Geschier ass dëst? Geléist!

Mehr
2 Monate 3 Wochen her #856 von admin
Hei och nach d'Äntwert vum Rom Bohr. Villmools Merci!

daat uewen ass eng handgedriwen Buermaschin, daat an der Mëtt en Rouerschrauwestack wei en haut nach gebraucht get, ennen  am Setzen get mat Sauerstoff a Gas geschweest, zu där  Zäit meiglecherweis nach mat engem Athzetylen Erzeuger wou Karbit + Wasser den Athzetylen erzeugt huet.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo, Minettsdapp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Monate 3 Wochen her #855 von clauhe
N'owend,
op der éischter Foto, kéint dat net eng Buermaschinn sinn. Mat dem grousse Rad géiw dann d'Héicht vum Buerer zum ze buerene Stéck, hei ee Rouer, graw agestallt ginn a mat enger Kuerbel déi duerch den Arbechter hei mat senger rietser Säit verstopt get, géiw dann Buerer zum dréie bruecht ginn. Op der 3. Foto gesäit een esou ee Rouer mat Lächer drann. Op der 2. Foto dat mist ee "Rohrschraubstock (Peddinghous)" sinn.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo, Minettsdapp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Monate 3 Wochen her - 2 Monate 3 Wochen her #854 von BB3608
N'owend,

op der éischter Foto géing ech soen wier eng Spëndelpress. Mat deem Handrad kann een déi Press op-an zoudréien fir z.B. Lageren oder Bëchsen anzepressen. Op der 2 Foto ass en Trépied ze gesin, wéi d'Installateuren se huelen fir Réier anzespannen fir se z.B, oofzeschneiden oder Gewënner dran ze schneiden. Déi 3 Foto weist eng Persoun déi mam Autogenschweessapparat schafft. Op der éischter Foto geseit een och am Hannergrond eng vun den dozougehéirenden Gasfläschen mam Manometer.
 
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo, Minettsdapp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Monate 3 Wochen her - 2 Monate 3 Wochen her #853 von jmo
Wéi ee Geschier ass dëst? Geléist! wurde erstellt von jmo
 

Sinn dës Apparater fir Réier ze béien?

Dëst misst an den 1920/30er Joeren beim Schlesser Félix Winandy zu Péiteng sinn.

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

Alles Gutts,

Jean-Marie - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Folgende Benutzer bedankten sich: Minettsdapp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.088 Sekunden
Zum Seitenanfang