Radio? vum Jemp Schumacher - vu wéini?

More
6 months 1 week ago - 6 months 1 week ago #805 by admin
Replied by admin on topic Radio? vum Jemp Schumacher - vu wéini?
Hei d'Äntwert vum Roland Schumacher. Villmools Merci!:


Ech mengen, de JP Schumacher an den Dr. August Schumacher haten näischt mateneen ze dinn. Leider hun ech awer och keng Informatiounen iwwer de Jemp Schumacher (Gebuertsdatum oder -uert).


Marie-Auguste Schumacher wurde am 26.12.1862 in Bascharage geboren als letztes Kind von Jean-Nicolas Schumacher « Notar und Bürgermeister » und E.-L. Clairguemont



Er selbst war Arzt (Stadtarzt, Rhamhospiz, Privatsanatorium, Kurdirektor des Mondorfer Staatsbades) usw. Aus seiner Ehe mit Marie-Reine-Alexandrine Schintgen gen. "Finnchen-Alexandrine" (*1865; +10.12.1952 auf Schloß Crauthem), Tochter des Notars Johann Peter Alexander Schintgen und Maria Soos (*Walferdingen, gest. in Luxemburg am 26.6.1903), mit der er ab 1905 auf Schloss Crauthem lebte, stammen die Kinder


- Léon-Alexandre-Nicolas-Auguste (2) *21.1.1899 in Luxemburg, der Arzt wurde (s.u.)

- Marie-Pierre-Alexandre *3.5.1902 in Luxemburg in Haus 2 Monterey-avenue, der am 11.10.1929 (laut T.D.) als Junggeselle in Crauthem an Tuberkulose starb „étudiant en droit, âgé de 27 ans“, und in der Schlosskapelle beigesetzt wurde.



Auguste SCHUMACHER starb am 28.3.1932 abends um 22 Uhr auf Schloss Crauthem



Sein Sohn (Marie-) Léon-Alexandre-Nicolas-Auguste Schumacher war auch Arzt (*21.1.1899 in der av. Monterey Luxemburg ) und heiratete am 23.5.1931 in Luxemburg Léa Kugener *31.3.1908, Tochter des Ingenieurs Léon Kugener (gest. 20.11.1944) und dessen Gattin Elise Balthasar. Aus dieser Ehe stammen drei Kinder:
  • Léon-Marie-Alexandre-Auguste *30.1.1933 in Luxemburg (E.T. vom 1.3.1933). Er heiratete am 9.2.1957 Ginette Kartheiser (Kinder Annick und Danielle)
  • August (3) *10.10.1934, genannt Bim, der die Familientradition fortführen sollte und Arzt und Orthopäde in Luxemburg-Stadt wurde (s.u.).
  • Alexander Maria Eugen Gerard *7.1.1936 in Luxemburg (E.T. vom 24.2.1936), gest. 1987. Beisetzung im Familiengrab auf Notre-Dame.


Auguste Schumacher (Sohn) starb 73-jährig in der Elisabeth-Klinik am 5.5.1972, Beisetzung auf Notre-Dame. Die Witwe starb am 15.9.1980.


Aufgrund seiner Tätigkeit im Bereich des Radiowesens (SCHUMACHER war Gründungsmitglied und später Ehrenvizepräsident des "Réseau Luxembourgeois des amateurs d'Ondes courtes") hätte er zu Jemp Schumacher passen können, aber keines seiner drei Kinder trägt diesen Namen.


Well ech soss näischt iwwert d’Famill weess, kann ech och net soen, ob do ee Jemp derbäi ass, mee momentan géif ech soen, et ass kee Lien do.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 3 days ago - 7 months 17 hours ago #789 by admin
Replied by admin on topic Radio? vum Jemp Schumacher - vu wéini?
Hei d'Äntwert vum Albert Wolter. Villmools Merci!:

Ma dat ass eng flott Foto mat dem Jemp Schumacher .

Kéint‘s de am Fond de Gras beim Steam Punk als Postkaart verkafen.

Wat de Jemp do opgebaut huet ass sécherlech kee Radio. Iergendwou hätt hien de Kopfhörer am Grapp oder op den Oueren.

Wat um Dësch steet hannen ass e Funkeninduktor oder eng Rühmkorff Spule (Link op d'Beschreiwung mat Schaltung op Wikipedia)

Domadder kann een Senden, zwar nëmmen Telegrafie well den Induktor nëmmen gedämpfte Wellen (ondes amorties) fabrizéiert.

Et gesäit een awer näischt op eng Antenne hi goen esou dat et éischter en Opbau war fir dat ze demonstréieren.

Di 2 Bokaler kéinten effektiv Kondensatoren sinn mä vläicht och eng Stroumquell fir de Funkeninduktor. Ech tippen éischter op eng Stroumquell (galvanescht Element)

Et schéngt wéi wann an der Mëtt deen e Pol wär an de metallenen Deckel deen zweeten. Da kënnt é mengen vun dem lenke Bokal uewen géing en Drot op den Deckel vum rietse goen. Dat wär dann eng Reiheschaltung fir d'Spannung ze verduebelen. En Element hat ca. 2V also hätt de Jemp 4 V fir séin Indukter gehat.

Op der lénker Säit vun deem Indukter gesäit een och eng mi grouss Rändelmutter. di kënnt sinn fir den Ënnerbriecher Kontakt ze justéieren " Wagnerscher Hammer ". Dee Montage ass haut nach an net elektroneschen Schellen agebaut.

Wat hie lenks vum Indukter stoen huet gesäit een net, just esou e Genre Tube. Där huet hien och nach 2 vrun sech leien.

Zesummen mat der Schell, di um Dësch läit, kennt dat en Empfänger sinn oder bei en Experimentéier Montage fir d'elektresch Wellen di den Indukter mëscht no ze weisen.

Den Tube ass dann e Fritter oder Kohärer . Do sinn reng Eisespéin dran di héichohmech sinn. Wann do awer eng elektromagnéitesch Well drop trëfft gëtt di Streck esou nidderohmech dat eng a Serie geschalten Schell bimmelt (brauch een och d'Batterie dofir). Wann d'Well ophält gët de Fritter awer net vum selwen héichohmech mä e muss liicht erschüttert gi mat dem Fanger oder engem elektreschen Klopfer.

Esou eng Schell huet de Jemp jo och um Dësch leien.

Dat wat de Jemp just vru sech leien huet ass e primitiven Gleichstroumelektromotor dee mir no Selbstbau ausgesäit. E schéint och net ugeschloss ze sinn.

Déi Foto ass vläicht vum Jemp inzenéiert gi fir ze weisen wat hien Alles gebaut huet an fir ze beandrocken. Och den Induktor gesäit no selwer gewéckelt aus.

Ech géing di Saach op 1915 bis 1920 datéieren. Schonn am Laf vum Krich war de Kohärer net mi praktesch am Asaz. Den Tube als Diode oder Triode waren wesentlech mi sensibel a manner delikat.

Weess du dann eppes iwwert de JP Schumacher ?

Bei Radiosfrënn do war jo en Dr. August Schumacher derbäi, vläicht war dat Famill vum Jemp?

Op jidder Fall huet sech de Jemp schéin erausgefiizt fir d'Foto, ...

Bis soss

Albert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 5 days ago - 7 months 3 days ago #788 by jmo

Schumacher Jemp (Jean-Pierre), Luxembourg (Photo collection: industrie.lu)


Ass dëst ee vun him selwer gebauten Radio ?

Vu wéini kinnt dës Foto ongeféier sinn?

Mir sichen och weider Informatiounen iwwert den Jean-Pierre (Jemp) Schumacher. Hien hat mol 1938 de Brevet N° 25768 fir een "Elektrisches Ton Wiedergabe-System".


Mir sichen fir d'industrie.lu - Radio-Sammlung och weider aal lëtzebuerger Radioen (och Fotoen an Dokumenter) vun de Marken: Anen , Audrit , Ducal , Electro-Vox , Jibelux , Kill , RADIOLUX , Schlemminger , Tanson - Steines , etc.

Villmools Merci am Viraus fir all Info - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! - tél: 621 247 909

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.102 seconds
Go to top