Ginn ët Fotoën vun dëser Grouwenentrée zu Rëmeleng?

More
3 years 10 months ago #500 by clauhe
Jo genau déi aal Galerien misten genau gendeniwwer vu deenen aalen Haalen , do wou den Déierenasil war gewiecht sinn. Déi Kart vun 1964, de Punkt ganz lenks uewen dat ass déi déi erem ausgegruewen ginn ass, wéint de Fliedermeis. Hannert dessen Portal knapp 20 m eran ass eng Gafelung. Lenks geet et an d'Chantecher a riets ass Tunnelstreck déi am Laangegronn ( Haut ass dat Zone industrielle Laangegronn do wou de Bäcker an denn Dachdecker sinn ) erauskennt. Et ass dest déi owal Entrée.
The following user(s) said Thank You: Mike

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 10 months ago #497 by Mike
Moien,

Dat misst do sin wou een hei um Site op der Sait vum Huttbierg eng Photo mat Iwwereschter vun enger Mauer gesait (dei lescht Photo vun enger Serie vun foarweschen Photoen). Wann een elo d‘Karte vun 1964 kuckt, dann fennt een 3 schwarz Punkten an der Geigend. Deen uewen keint eng Entree vun 1964 sin, dei hun se rezent rem ausgegruewen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 10 months ago - 3 years 10 months ago #492 by clauhe
Gudde Moien
Dees Galerien kennen hei gewiescht sinn.

geoportail.lu - Allgemeines Portal ( dann Rëmeleng op der Kaart sichen) - Basisdaten - Topographische Karten - Historische topographische Karten - Topographische Karte 1954
Op der Kart bei der Schreft "Minière Holleschbierg" gesäit een riets vum Buschtaw "g " e schwartze Punkt e bessien weider steet Zuel 345. Hei bei dem schwarze Punkt missten des Galerien gewiescht sinn.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 10 months ago #491 by Mike
Wou genau woar dei Entree um Hutbierg?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 11 months ago #472 by Eyrich Pascal
Jo , daat ass um Hutbierg , ennen ass den âlen Tunnel vir an den Langengrond !

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
4 years 2 months ago - 4 years 2 months ago #417 by admin
Ginn ët Fotoën vun dëser Grouwenentrée zu Rëmeleng zur Zait vun der Elektrifikatioun, wou een déi 2 Entréeën gesait?

(Dessin: Albert Duhr, Carte éditée par la LCGJ; Collection: industrie.lu)

Et handelt sëch jo wahrscheinlëch ëm dës Entrée um Hutbierg , oder?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.101 seconds
Go to top