Wéi eng vun der Firma Giorgetti virun 1935 gebaute Gebaier sinn dëst? Geléist!

More
5 years 3 months ago - 5 years 3 months ago #537 by admin
@UP3985

3 ass effectif d' rue Albert 1er ! Villmools Merci!:


goo.gl/maps/n2eSvpt2A5taVzEw7


(Source: Google Streetview)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
5 years 3 months ago - 5 years 3 months ago #536 by admin
Hei ass eng Info vum Här Christian Waltener:



"Daat Gebai vun der Foto Nr.6 ass d' Schlass Letellier, zu Osterholz bei Consdorf an ass am 2.Weltkrich zerstéiert ginn. Fotoen dovun sinn an der Broschüre « Erënnerungen un den 2. Weltkrich zu Konsdref » déi een integral um Internet kucken kënn. Den Nofolgerbau aus den 1950er Joëren ass menger Meenung no och ofgerappt ginn wann ech d’Biller bei Geoportail richteg deuten.

D’Adress ass den Nr. 97 Rue Osterholz zu Consdorf."


Villmools Merci!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago #453 by UP3985
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago #452 by admin
Hei eng weider Info zum Bau vun der Lampertsbierger Kirch (N°1): Am Buch „De Lampertsbierg“ schreift den Alex Langini, Folgendes: „Am 26. des Monats (Mai 1910) erhielt der Unternehmer Achille Giorgetti den Zuschlag“.....“Als ein Jahr später die Fundamentsarbeiten abgeschlossen waren, wurde am 28.5.1911 der Grundstein gelegt.“ .......“Bischof Koppes nahm die Konsekration am 30.April 1913“........ (Info: Serge Pletgen)

Villmools Merci!
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago #451 by UP3985

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago #450 by UP3985
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago - 5 years 9 months ago #447 by admin
Wéi eng vun der Firma Giorgetti virun 1935 gebaute Gebaier sinn dëst?


Kirche Limpertsberg - Wann erbaut?






Wéini goufen déi Gebaier gebaut?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Alles Gudds! - info@industrie.lu

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Support #SaveThePast

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login