Bohnererz a Rasenerz - Geléist!

More
1 year 5 months ago #697 by admin
Replied by admin on topic Bohnererz a Rasenerz - Geléist!
Hei d'Äntwert zum Thema Bohn- an Rasenerz vum Claude Hermes:

Rasenerz, minerai de fer tendre, fanne mär an de Flossdeller. (Alzette,Korn,Mamer,Petruss, Eich..) Et huet een Eisegehalt zweschen 30-40 % an ee Phosphorgehalt vun 0,5 - 3,5 %.

Bohnerz, minerai de fer fort, „Waakeminette“ fanne mär op de Koppen vu Rëmeleng an Deifferdeng. Dest huet een Eisegehalt vun 35-50 % an ee Phosphorgehalt vun 0,1-0,4 %.

Op enger Kaart am Louis Lentz sengem Buch gesi mär wou dëst Äerz ze fannen ass a wou dëst ofgebaut ginn ass.

An engem Buch vum Fernand Lorang liese mär dass esou „Héichiewen „ zu Fischbach/Mersch (2), Bissen (2), Rollingen (2), Berburg (1), Colmarberg (1), Grundhof (1), Ansemburg (1) an Dommeldingen (1) gestaanen hun.
The following user(s) said Thank You: BB3608

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 5 months ago - 1 year 5 months ago #696 by BB3608
Replied by BB3608 on topic Bohnererz a Rasenerz - Geléist!
Moien,

ech hun lo nach e bëssen nogesicht iwert Bohnerz- an Rasenerzoofbau (wann een daat sou kann nennen). Am Gilbert Trausch sëngem Band 3 (daat gringt) aus den "Manuels d'histoire luxembourgeoise" déi zu mënger Zeit am Secondaire benotzt goufen, gëtt op den Seiten 123 bis 134 d'Thema vun der "Sidérurgie Ancienne" am Fong behandelt. Do geht vun Viirkommen ëm d'Stad an der Vallée des Sept Châteaux (haaptsächlech Ansebuerg; ech haat an mënger viirechter Äntwert vum Mariendall geschwaat, waat jo och an dem Eck leit) an am Pays Gaumais (Areler Eck) rieds.
Waat d'Stad ugeht hudd dir tëscht Hamm an der Polvermillen den "Ierzewee", waat jo op Aerzviirkommen an dem Eck hiweist.
Dem Gilbert Trausch sein Buch fannt dir vill am Antiquariat oder Floumaert.

Serge
Last edit: 1 year 5 months ago by BB3608.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 5 months ago #695 by BB3608
Replied by BB3608 on topic Bohnererz a Rasenerz - Geléist!
Souweit ech weess ass Rasen-oder Bohnerz am Raum Mariendall, Hunnebur geraaf an verschafft gin sin. Déi Info'en kruut ech op jiddefall mol am Kader vun engem Openthalt am Mariendall während der Primaireschoul sou ëm 1986-87

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 5 months ago #694 by clamey
Bohnererz a Rasenerz - Geléist! was created by clamey
Gudden Owend,

D'Eisenindustrie zu Lëtzebuerg virum Ofbau vun der Minette interesséiert mech. Also virun 1870.
Dunn war d'Eisenindustrie éischter an der Mëtt vum Land ugesidelt.
Elo zu menger Fro, wou ass deemools d'Eisenäerz hierkomm?
Vill Quellen schreiwen vun Bohnenerz a Rasenerz, mee wou ass dat genee ofgebaut ginn?
Et misst am Land gewiescht sinn. Ginn et dofir Dokumenter?

Merci fir äre Beitrag,
Claude Meyers

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.083 seconds
Go to top