Haus Michel Funck 1916 an der avenue de la Liberté - wou stung dat? - Geléist!

More
5 hours 7 minutes ago #1110 by Pascale
Gudde Mëtteg,

Villmools Merci fir déi ganz ausführlëch Hëllef!

Ech hat op där annerer Stroossesäit gesicht... an natirlëch näischt fonnt!

hei um industrie.lu steet en plus fir 1931: Luxemburger Steinholzwerk Mich. Reifenberg, Luxembourg - gare, avenue de la Liberté 64, Lager früher Funck - Vanderlinden

Ee schéine Mëtteg,

Pascale









 

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
6 hours 32 minutes ago - 6 hours 4 minutes ago #1109 by Jeanchen


Gudde Moien,
D'Adress vum Haus misst avenue de la Liberté Nr.64 gewiescht sinn an d'besteet haut net méi.
De Plang 'Bombenangriffe_Luxemburg-Bahnhof_1914-1918.jpg' ass aus dem Buch 'Bombenangriffe auf Luxemburg in zwei Weltkriegen' vum Melchior.
De Plang 'Bomben-auf-das-Bahnhofsgebiet_aus_Fliegerangriffe-auf-Luxemburg.jpg' aus dem Buch 'Die Fliegerangriffe auf Luxemburg 1914-1918' vum J.P. Robert.
Déi zwee stëmmen zimlech iwwerteneen. Do ass ze gesinn dass d'Bommen virun allem ëm d'Gare gefall sinn, mat engem 'Cluster' um Block avenue de la Liberté/ rue Glesener/ rue André Duscher/ rue d'Anvers. An dem Block war och dat Haus.
De JPG fichier 'Luxemburg-im-Kriege-14-18.jpg' ass aus dem Buch 'Luxemburg im Kriege 1914-1918 vum Ernest Faber, do ass nach eng aner Foto vun dem Haus. De Standpunkt ass de selwechten awer déi muss bësse méi fréi wéi är gemeet gi sinn well do ass de Giewel bei dem mansardéierten Deel nach nët sou wäit agefall. Den zousätzlechen Text am Buch ass: In der Nacht vom 17./18. Juni erfolgt ein folgenschwerer Fliegerangriff auf Luxemburg-Bahnhof. Eine Bombe fiel in der Bahnhofavenue auf das Haus Michel Funck-Gervais. Die Bombe explodierte im Speicher und hatte eine furchtbare Wirkung. Das Dach stürzte zusammen und begrub unter den Trümmern Frau Witwe Funck. Die unglückliche Frau wurde tot aufgefunden.
Op de Fotoen aus dem éischte Band vun 'Lëtzebuerg am Zäitvergläich' ass d'Haus 1920 ze erkennen, rëm obgebaut mat eng zousätzlechen Stack. D'Nopeschhaus riets dovunner ass do och kloer ze erkennen. Op der Foto vunn 1994 existéiert ärt net méi, d'Nopeschhaus riets niewendrun steet awer nach. Op dem Terrain vun ärem Haus steet lo e Gebäi aus den +-70er Joeren (hannert dem Rout Kräiz Fendel). Den eidelen Terrain lénks dovunner ass do bebaut awer dat war vum Baustil hier sécher virum zweete Krich.
Um Google Street View stinn déi zwee Häiser lénks nach, dat riets vun ärem ass do och well verschwonnen. Dat heescht d'ginn keng Unhaltspunkter méi op dat ursprünglecht Haus am Verglach mat ärer Postkaart.
Ech war net op der Plaz, haut kann et nach anescht ausgesinn.
Nom Geoportail misst, wéi gesot a wann ech mech net geiert hunn, déi heiteg Adress vun dem Haus 64 avenue de la Liberté sinn.

E schéinen Dag
Jean-Marie
The following user(s) said Thank You: Pascale

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
4 days 2 hours ago #1106 by Pascale
Gudde Mëtten,

Ech hu elo grad folgend Foto vun 1916 vum Haus Michel Funck an der avenue de la Liberté (avenue Adolphe) hei gesinn. Ech kan mer awer iwwerhapt net virstelle wou dat stung:



Kann Ee mir do w.e.g. hëllefen!  Villmools Merci!

Ee schéine Mëtteg,

Pascale

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

Support industrie.lu and save taxes

Since the end of 2025, it has been possible to support industrie.lu while saving taxes (in Luxembourg) .

Your donation is not just financial support: it is a gesture of trust, a sign that this story matters to you as well. Thanks to your support, we can continue to preserve these treasures, present them, share them, and pass on this living past to future generations.

When the donation is transferred to the bank account IBAN LU24 0019 4655 0203 7000  with BIC: BCEELLL  of " Fonds culturel national " (as beneficiary), including the reference "2025/164 Industrie.lu", you support us directly while at the same time benefiting from a tax advantage: your contribution is tax-deductible and you will receive an official certificate.

Every contribution counts – many thanks in advance!

Support #SaveThePast

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login