Den neiën industrie.lu 2016

More
10 years 1 week ago - 10 years 1 week ago #189 by admin
Den neiën industrie.lu 2016 was created by admin
Den Inhalt vun den industrie.lu-Saiten gët bal all Daag erweidert.

Mir sin déi läscht Wochen awer och amgangen den industrie.lu - Site informatësch ze iwerschaffen. Zënter där läschter gréisserer Mise-à-jour vum CMS si wëll méih ewéi 3 Joër vergangen. Elo gët alles op de läschte Stand vun der Technik bruecht. Och wann een virum Ecran, op den éischte Blëck, kee grousse Changement gesait, esou huet sëch hannendrun awer bal alles geännert. Et koum och eng nei méih performant Sichfunktioun bai.

Déi iwert 3000 Saiten an de Forum sin elo erëm online.

Verschidden eeler Extensiounën a Moduler (zB. d'Annoncën, d'Facebook-Likes, etc) mussen nach an denen nächsten Deeg ersat gin. Verschidden Funktionnalitéiten sin am Test, a mussen nach ugepasst gin.

Mir ëntschëllegen eis fir déi aktuell Stéierungen.

Meld Eis w.e.g. eventuell Fehlerën op info@industrie.lu

Villmols merci am Viraus!

bis geschwënn,

Jean-Marie Ottelé

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login