D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED

Mehr
5 Monate 11 Stunden her #1040 von Eyrich Pascal
Eyrich Pascal antwortete auf D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED
Den Arbed's Haf war nëmmen e Bauere Betrieb esou lang ewei Kantine am Langegrond gânen ass ! De Weinandt 3 Generstionen all Henri'en sin do op den Haf komm , de Jengsten war 28 gebuer .....
Wasser huet mussen mat engem Tankwoon erop gefuehert gin , do war eng Citerne ennert dem Haf .... hu gesin ewei den Haf plât gemach gin ass am DAC ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 1 Monat her - 1 Jahr 1 Monat her #940 von jmo
Hei ass eng Info déi mir vun der Gemeng Wënscher kruten:

"Nodeems mer bësse recherchéiert honn, konnte mer folgendes iwwert den ARBED’s Haff zu Béigen rausfannen:
  • Den Haff gouf 1934 von enger Famill GILLET kaaft. Et war anscheinend fir déi Zäit engt grousst Uwiesen.
  • 1974 ass e leider verbrannt a gouf dorno nei opgeriicht. Von deem ale Gebai ass näicht méi do. E Schapp dee verbliwwe war gouf bei engem zweete Brand méi spéit och zerstéiert."


De fréieren Arbedshaff zu Béigen


Villmools Merci!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 1 Monat her #938 von Jerry
Ech giff beim Colmer ARBED's Haff op de Carelshaff tippen,
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 2 Monate her - 1 Jahr 2 Monate her #937 von admin
Gudde Mëtten,

Et goufen weider ARBED's Häff zu Biergem, Colmer-Bierg, Téiteng...
  • Wou waren déi ARBED's Häff zu Biergem, Colmer-Bierg, Téiteng?
  • Ass mam Téitenger ARBED's Haff d' Ferme Roschheck gemengt?

Op folgender Säit sammele mer all déi Informatiounen: landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED

Villmools Merci am Viraus fir all weider Info!

info@industrie.lu

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 2 Monate her #935 von clauhe
Gudden ....
Hei e puer Wuert zum ARBED's-Haff beim Käler Poteau.
Den ARBED's-Haff, och nach Ferme Roschheck genannt gouw am Joer 1917 vun der Arbed gebaut. 1974 ass den Haff ofgerappt ginn. Dee leschte Bewunner war den Här Weinandt oder esou änlesch.
Den 28. Dezember 1933 stieft den Här Nicolas Reinard op der Ferme Roschheck do wou hien gewunnt huet.
Den 10. Januar 1929 huet d'ARBED hei um Haff eng Stee ofgehalen. Pärt a landwirtschaftlech Geschier koum ennert den Hummer.
1922 war den Här Nikolaus Majerus de Verwalter vun dessem Haff.
Méi hunn ech bis elo nach net zum Thema ARBED's Haff den zweschend Rëmeleng an dem Käler-Poteau war an op Käler-Terrain luch eraus fonnt.
Villächt kennt och nach deemnächst hei um Site eng Säit iwwer dessen Haff.
mbG
Claude
Folgende Benutzer bedankten sich: admin, Minettsdapp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 2 Monate her #934 von Minettsdapp
D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED wurde erstellt von Minettsdapp
Gudden Owend,

Ech hun hei eppes iwwert landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED gelies

- Wéi eng landwirtschaftlech Betrieber hat d'ARBED ? de Krakelshaff, ...

- War den Arbedshaff beim Käler Poteau och e landwirtschaftlechen Betrieb ?

- Vu wéini bis wéini gouwen se exploitéiert ?

Villmools Merci am Viraus!




 

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Unterstützen Sie #SaveThePast

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

 

industrie.lu-Login