2 Visite Guide'en zu Rëmeleng.

More
4 years 7 months ago #591 by clauhe
2 Visite Guide'en zu Rëmeleng. was created by clauhe
Och dëst Joer organiséierte de Ministère du Tourisme erëm de Guide for one Day, an och dëst Joer sinn ech als Guide eremm mat derbäi.

Ech hun 2 Tier erausgesicht:

- "Trëppeltour duerch de Minette“, (deen hat ech virun 3 Joer schon’s eemol gemaach)

Dësen Tuer féiert eis laanscht Klinkerwierk Intermoselle an den alen Escher-Wee. Hei fanne mär al Gebeier a ganz flott Galerieentréen.
Och ass dësen Dall deemools ewéi ee „Park“ ugeluecht ginn. Weider geet et dann erop bei den Arbed’s Haff an d’Fliegerdenkmal.
Vun hei aus gi mär dann bei Léiffrächen. Hei fanne mär nierft der Mutterguttesgrott dat groust Biergaarbechterdenkmal an och déi „ominös“ Kapell. Zeréck gett et dann duerch dat groust Dagebaugebitt.
Ënnerwee kuke mär och wat Minette ass a wéi se entstanen ass.

Datumen sinn: Sonndes 11. Juli, Samschdes 14. August an Sonndes den 12. September

- „ Rëmeleng, vum Duerf zur Stad“

Dëst ass een éischter architektoneschen Tuer duerch Stad Rëmeleng a seng Parken.
Hei kuke mär zesummen ewéi sech Rëmeleng am Laf vun der Zäit vum Duerf zur Stad entwéckelt huet.
Och grouss Perséinlechkeeten sinn aus dëser Minettstad ervir gaangen. Haut erënnere verschidden Denkmaler eis un des Persounen.

Datumer sinn hei all kéieres Samschdes: 17. Juli, 7. August, 4. September

Dat ganzt mat ville Geschichten an Anekdoten.

Fort geet et emmer um 9.00 Auer um Parking vum Musée National des Mines de Fer zu Rëmeleng.

Et géing mech freeën iech a menger Heemechtsstad kennen ze begréissen.

Weider Infoen an och Umeldungen ( ab dem 6. Juni ) fir des Tier fand dier op www.guideforoneday.lu

mbG a bleiwt gesond
Claude Hermes
är Guide for one Day 2021

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

Support industrie.lu and save taxes

Since the end of 2025, it has been possible to support industrie.lu while saving taxes (in Luxembourg) .

Your donation is not just financial support: it is a gesture of trust, a sign that this story matters to you as well. Thanks to your support, we can continue to preserve these treasures, present them, share them, and pass on this living past to future generations.

When the donation is transferred to the bank account IBAN LU24 0019 4655 0203 7000  with BIC: BCEELLL  of " Fonds culturel national " (as beneficiary), including the reference "2025/164 Industrie.lu", you support us directly while at the same time benefiting from a tax advantage: your contribution is tax-deductible and you will receive an official certificate.

Every contribution counts – many thanks in advance!

Support #SaveThePast

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login