Wien ass d'Bomi op dëser Foto - Helsem / Walfer? #SaveThePast

More
4 years 1 month ago #416 by admin
Laut dem Här Hermes war dëst fréier d'Haus Wiseler..

Villmools Merci fir dës Info!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
4 years 2 months ago - 4 years 2 months ago #411 by admin
Um Chantier vun dësem Haus op 99 route de Diekirch, Helmsange / Walferdange:





hate mir virun e puer Joren folgend Foto um Buedem fotograféiert:



D‘Foto mat der Bomi war warscheinlech beim Plënneren um Späicher vergiess ginn, a beim Ëmbau einfach an de Bulli geflunn...

Dës Foto ass warscheinlech iwwert 100 Joer al, a mir wëssen net ob et nach eng Kopie heivu gëtt. Mir ginn dovun aus, dat et ëmmer interessant ass ze wëssen wéi seng eege Virfahren ausgesinn hunn - a wien an der Famill haut wiem vu senge Virfahre gläicht. Duerfir versiche mir erauszefannen wien dës Fra op der Foto ass, a souguer d’Nokomme vun dëser Fra erëmzefannen.

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Last edit: 4 years 2 months ago by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.075 seconds
Go to top