Gierwerei Schmit-Sinner / Wilwertz = Larei (Lahrei), zu Miersch?

More
3 years 2 months ago - 3 years 2 months ago #569 by jmo
Ass d'Gierwerei Schmit-Sinner / Wilwertz um Site vum der Larei (Lahrei), d'spéider Haus Harles, 21 rue Nicolas Welter (virun 1962: 93 rue Nicolas Welter) gewiescht?

d'Gierwerei Schmit-Sinner / Wilwertz zu Miersch

Hei ass eng Foto vun der Larei zu Miersch ëm 1900:



Ech huelen un dat déi Larei fréier d'Gierwerei Schmit-Sinner / Wilwertz war, ech hun awer kee Beweis dofir. Hei si meng Iwwerleeungen:
1885 stung d'Haus vum Antoine Schmit-Sinner (dem fréiere Buergermeschter) am (deemolegen) Zentrum vu Miersch, tëschend dem Haus Kreins a Peschong, a seng Gierwerei war 100 m vu sengem Haus eweg ... duerfir kinnt dës Plaz jo och ganz plausibel sinn. Hi kinnt jo an der Géigend vum "Sozialinstitut" gewunnt hun... dat wieren 100 m

Mais vlaicht leien ech total falsch...

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau! This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.064 seconds
Go to top