Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!

More
1 hour 57 minutes ago #1122 by jmo
Dës Foto ass effektif vum Haus, 40 rue Nic Welter zu Miersch

Et huet och der Famill Schiltz gehéiert ewéi aus folgendem Artikel ervir geet: Mersch, 8. Juni 1920. Die Gebäulichkeiten der Merscher Zigarrenfabrik wurden aus freier Hand vom Sattlermeister Bernard Kraus aus Mersch zum Preise von 19.500 Franken erworben . Das daranliegende Haus Schiltz ging in öffentlicher Versteigerung zum Preise von 14.500 Franken in den Besitz des Fuhrmanns Jos. Kill aus Mersch über. (Der Landwirt: 9.6.1920)


Ee grousse  Merci u Jiddereen deen zur Léisung bäigedroen huet!
The following user(s) said Thank You: Aldo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 day 4 hours ago - 1 day 29 minutes ago #1121 by Aldo
hei méi eng däitlecht Bild direkt aus dem Buch.
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 days 9 hours ago #1116 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
Dess Foto aus dem Buch "Das Luxemburger Land" weist eis rue Nicolas Welter zu Miersch.
D'Scheier ganz riets ass haut d'Haus no 42, dat méi grousst Haus, ee Café huet No 44 an ass haut de Café-Restaurant Adega Velha.

www.google.com/maps/@49.7446402,6.100729...IKXMDSoASAFQAw%3D%3D
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
4 days 2 hours ago - 3 days 8 hours ago #1115 by admin
Replied by admin on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
Hei ass eng ganz interessant Foto (1940) vun Obermersch, (elo 40/42 rue Nic Welter) , déi den Här Teusch eragescheckt huet:
 
 
Source: "Buch "Das Luxemburger Land" von Josef Schmithüsen, Verlag Hirzel, Leipzig

Villmools Merci!

Wat steet op der Fassade?
 

 
Hei ass déi selwecht Plaz vun där anerer Säit op enger anerer Kart déi 1909 gestempelt gouf: Kinnt hei net och de Göpel stoen, oder wat ass dat?


 

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 16 minutes ago #1103 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
Hunn hei een Haus zu Miersch 76 rue Nicolas Welter fonnt. Et kann muss awer net  stemmen ! Wees een wéi dat Haus hei op desser Adress fréier ausgesinn huet ?
 
www.google.com/maps/@49.7432984,6.096784...IKXMDSoASAFQAw%3D%3D

MG
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 2 days ago #1101 by Mich90
Replied by Mich90 on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
Kann dat net zu Pëtten sinn?
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
4 weeks 2 days ago #1093 by Jerry
Replied by Jerry on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
Villmools Merci fir dës info!

Et schingt effectif ee "Göpel" op der Kopp ze sinn:


Da bleiwt jo elo just nach ze klären wou, wahrscheinlëch zu Miersch oder Ëmgéigend,  déi Foto do gemaach gouf ...

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
4 weeks 2 days ago - 4 weeks 2 days ago #1092 by Schaal Tom
Replied by Schaal Tom on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
D'Bild weist vilaicht d'mechanesch Ënnerstruktur vun engem Göpel (auch „Pferdegöppel“ genannt). Ech weess net, wéi et op Lëtzebuergesch heescht(och eng Intressant Fro).

E Göppel war e Gerät, dat d'Muskelkraaft vun Déieren (meeschtens Päerd, Oksen oder Eselen) an eng rotéierend Beweegung ëmgewandelt huet, fir stationär Maschinnen unzedreiwen.
Ech mengen, d'Gerät gouf virun d' Haus gestallt fir et ze reparéieren oder ze ersetzen. Et schéngt net déi fest Plaz dofir ze sinn.


de.wikipedia.org/wiki/G%C3%B6pel

www.br-klassik.de/video/zwischen-spessar...5-juni-2021-100.html

seetalerbrattig.ch/der-goepel-wer-kennt-ihn-noch/

www.wilhelm-ostwald-park.de/der-goepel
The following user(s) said Thank You: admin, jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 month 1 week ago #1088 by admin
Replied by admin on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch? Geléist!
Kinnt dëst Haus eventuell déi fréier Schmëtt Schiltz ~ 1911, haut 46 rue Grande-Duchesse Charlotte, zu Miersch sinn? dëst well den Numm Schiltz hannen op der Kart virkënnt...

Wéi ee Maschinnendeel läit virum Haus?

Dëst kinnt jo och ev. weiderhëllefen?

Ginn et al Fotoen vun dem Deel vu Miersch?


Villmools Merci am Viraus fir all Feedback!

Schéi Feierdeeg!

info@industrie.lu

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
2 years 11 months ago - 2 years 2 months ago #720 by jmo

Mersch ? (Collection: industrie.lu) 

Fotokart, gestempelt 1911 zu Miersch, vum Jean Schiltz un d'Mlle Caroline Schiltz.


Wou war dëst genee?




Villmools Merci am Viraus fir all Hellëf! info@industie.lu

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

Support industrie.lu and save taxes

Since the end of 2025, it has been possible to support industrie.lu while saving taxes (in Luxembourg) .

Your donation is not just financial support: it is a gesture of trust, a sign that this story matters to you as well. Thanks to your support, we can continue to preserve these treasures, present them, share them, and pass on this living past to future generations.

When the donation is transferred to the bank account IBAN LU24 0019 4655 0203 7000  with BIC: BCEELLL  of " Fonds culturel national " (as beneficiary), including the reference "2025/164 Industrie.lu", you support us directly while at the same time benefiting from a tax advantage: your contribution is tax-deductible and you will receive an official certificate.

Every contribution counts – many thanks in advance!

Support #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login