industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

More
1 month 1 week ago - 1 week 20 hours ago #1090 by admin
hei eng Info an eegener Saach:

Den industrie.lu - Projet, deen integral vun engagéierte Benevollen gedroe gëtt, ass eng richteg Häerzenssaach. All Foto, déi erëmfonnt gëtt, all Dokument, dat virum Vergiessen gerett gëtt, all Témoignage, dat weidergi gëtt, beräichert eng gemeinsam Geschicht, déi mir op industrie.lu fir jiddereen zougänglech maachen. Bicher, Objeten, Fotoen, Filmer, Reklammen, Familljearchiven… alles zesummen gëtt dat zu engem wichtege Bestanddeel vun dësem menacéierte Patrimoine.

Dëse Patrimoine ze erhalen an online ze setzen huet déi läscht 25 Joer vill Zäit, Asaz a Suen erfuerdert.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren:

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BIC: BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

Support industrie.lu and save taxes

Since the end of 2025, it has been possible to support industrie.lu while saving taxes (in Luxembourg) .

Your donation is not just financial support: it is a gesture of trust, a sign that this story matters to you as well. Thanks to your support, we can continue to preserve these treasures, present them, share them, and pass on this living past to future generations.

When the donation is transferred to the bank account IBAN LU24 0019 4655 0203 7000  with BIC: BCEELLL  of " Fonds culturel national " (as beneficiary), including the reference "2025/164 Industrie.lu", you support us directly while at the same time benefiting from a tax advantage: your contribution is tax-deductible and you will receive an official certificate.

Every contribution counts – many thanks in advance!

Support #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login