Wou ass daat dooten ?

Plus d'informations
il y a 1 an 10 mois #644 par Abbes
Réponse de Abbes sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Gudden Owend Claude,

Weder rosen nach entäuscht kann ech sin mat ärer super Analyse, dei schlussendlech dervir schwetzt dass dir Recht hun. Dir hut super Recherchen gemaat. Villmols Merci.
Da waarden mir mol oof, ob nach een eppes iwert daat Gebai eis kann erzielen. Definitiv ass et nit emmer einfach bei Fotokaarten, dei Postalesch nit gelaaf sin, wou een also guer keen Unhalspunkt huet, eppes genaues kennen ze wessen. Mee bon, we wees, kent villeicht nach een mat enger Idee iwert daat Gebai resp. Uertschaft.

Nach emol Merci a MbG

Abbes

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 10 mois - il y a 1 an 10 mois #643 par clauhe
Réponse de clauhe sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Moien Abbes
Ech hun hei meng Gedanken zu ärer Postkaart an engem PDF zesummegefaast. Ech hoffen dir sidd net enttäuscht oder rosen dass ech net der Meenung sinn dass är ganz interessant Postkaart eis net Post vu Wäiswampech weist. Ech kann iech awer leider och net soen wou dat ka sinn. Ech hat och mol u Veianen geduecht, do ewou haut Post steet, mee do past och net alles mat ärer Kaart iwwerdeneen.
Ech wënschen iech trotzdeem vill Spaas mat ärer Postkaart.

mbG
Claude
Dernière édition: il y a 1 an 10 mois par admin.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 11 mois #641 par Abbes
Réponse de Abbes sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Op der Original Foto erkennt een nit meih vun dem Hiwwel.

Ech fannen dass et ganz vill Gemeinsamkeeten op deenen zwou Fotoen gin.
Wann een dei Foto déi den Albert Wolter beigesaat huet, mat menger Fotokaart vergleicht :
- ok, do ass den Dach ausgebaut gin, meng Fotokaart wärt also mei aal sin
- 3 Fensteren uewen sin nach emmer do
- ennen sin just am henneschden Deel vum Gebai, déi iewescht Fensteren ewesch gemach gin.De Rescht, Diir an Fensteren sin nach identisch.
- déi ooftrennungs Steng geseit een och nach an der Fasade, lenks an rechts niewend der Entrées Diir, an och als optesch Trennung vum hennschden Gebai
- an virun allem, Breifkescht hängt nach op der nämlechter Plaaz un der Fasade, lemks niewend der Entrés Diir

Oder gesin ech dei Saachen do all Falsch ?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 11 mois #640 par clauhe
Réponse de clauhe sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Ech wees och net wou dat hei ass, mee Post vun Weiswampech geng ech ausschléissen. Mech stéiert dee Bierg, den Hiwwel hannendrunn. Get et zu Weiswampech esou e Bierg ? Gesäit een op der originaler Postkaart dessen Bierg besser, aus wat vir engem Steen ass deen, Schiefer, Sand, Minette,...?.Un der Struktur kann een dat vilächt gesinn.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 11 mois - il y a 1 an 11 mois #638 par Minettsdapp
Réponse de Minettsdapp sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Ech gesinn awer keen direkten Glach tëschend:

an

oder hun ech do eppes iwwersinn?
Dernière édition: il y a 1 an 11 mois par Minettsdapp.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 11 mois #637 par Abbes
Réponse de Abbes sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Villmols Merci,

jo, definitiv, déi Fotokaart kann ech elo als daat aalt Postgebai vun Wäiswampich klasseieren.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 11 mois #636 par NicoS

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 ans 1 mois #627 par Abbes
Réponse de Abbes sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Merci.
Leider ass meng Fotokaart nit postalesch gelaaf.
Jo, et ass zimlech secher eent Postgebei an Diir hut och Recht, de Büro vu Weiswampech op Ärer Foto ännelt definitiv ganz vill.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 ans 1 mois #626 par admin
Réponse de admin sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Hei ass eng Info vum Albert Wolter. Villmools Merci!

Et ass zimlech sëcher eng Post well um Giewel ass di gossen Taakt di op all Bureau un der Façade hung, eng Bréifboîte a vergittert Fënsteren.

Ech kann dir awer net sëcher soen wou et ass.

Ee Büro dén a Froo kéim wär Weiswampëch:



D'Fasssade ënnen stëmmt mä den Daach misst dann spéider ausgebaut gi sinn.

Di Foto ass jo zimlech aal well et sin nach keng Telefonsdréit ze gesin di karakteristesch op all Postbüro un der Fass oder um Daach zesummegelaaf sinn fir op de manuellen Tableau

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 ans 1 mois - il y a 2 ans 1 mois #625 par Minettsdapp
Réponse de Minettsdapp sur le sujet Wou ass daat dooten ?
Ech giff op eng Post- oder Douanestatioun tippen, wéinst dem Roude Léiw op der Facade.

D'Fënsteren um RDC si vergittert. En plus ass eng Bréiwkëscht um selwechte Gebai, wat vlaicht éischter fir eng Post schwätzt, oder?
Dernière édition: il y a 2 ans 1 mois par Minettsdapp.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 ans 1 mois #624 par Abbes
Wou ass daat dooten ? a été créé par Abbes
Wees een wou daat ass, resp waat fir eent Evenement daat waar ?

Merci am viraus

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.133 secondes
Aller au haut