Stroosse-Barrieren am 19. Jh. zu Letzebuerg

Plus d'informations
il y a 3 jours 17 heures #991 par clauhe
Réponse de clauhe sur le sujet Stroosse-Barrieren am 19. Jh. zu Letzebuerg
Hun elo grad nach een interessanten Artikel iwwer Barrièren an och Präiser am Luxembourger Wort vum 20.4.1950 Säit 13 fonnt.
viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/wfj7...L274?search=Barrière
Op eluxemburgensia.lu do fennt een nach Artikelen zu dessem Thema.
mbG
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: RR, Carlo78

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 3 jours 17 heures #990 par RR
Réponse de RR sur le sujet Stroosse-Barrieren am 19. Jh. zu Letzebuerg
Gudde Mëtten,

D'Geschicht vu de Stroossebarrièren, Bréckepéagen an Octroishaisercher zu Lëtzebuerg ging mëch och interesséieren.

Déi Stroossebarrièren gouwen esou wäit ech wees op d'Joer vum Staat versteet. Et wier interessant ze wëssen wat et kascht huet fir zB vun Elwen an Stad ze fueren ...

Get et doriwwer well Artikelen, Publicatiounen?

MbG, R
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Carlo78

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 3 jours 21 heures #988 par clauhe
Réponse de clauhe sur le sujet Stroosse-Barrieren am 19. Jh. zu Letzebuerg
Gudde Moien
Hei villächt eng kleng Hellef.
Um geoportail.lu op den historeschen Kaarten aus de Joeren 1905,1927,1939, fennt een esou Stroosse-Barrieren agezeechent.
Esou enner anerem zu:
Hoscheid -> Hosingen = Hosingen-Barrière
Rippweiler-Barrière
Barrière de Birel, dat as haut um Findel
an dann nach déi schon's hei am Forum ugeschwaten Barrière Heiderscheid -> Heiderscheidergrund
Bestemmt goufen et der nach. Einfach mol eng Kaart um geoportail duerchkuken.
Vill Spaas
mbG
Claude
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: RR, Carlo78

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 4 jours 6 heures - il y a 4 jours 6 heures #987 par Carlo78
Stroosse-Barrieren am 19. Jh. zu Letzebuerg a été créé par Carlo78
Gudden Owend,

ech sichen Informatiounen iwwert d'Stroosse-Barrieren am 19. Joerhonnert zu Letzebuerg, denen ech hei op der Sait well puer mol begeinnt sinn, an eng Karte wou des Stroosse-Barrieren agedroe sinn (get et dat?).

Villmols Merci am Viraus fir all Hellef!

BG, Carlo
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: RR

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.105 secondes
Aller au haut