Ennerstëtzt de Projet industrie.lu mat der Bestellung vun dem industrie.lu - USB Stick:

 
  • elo mat iwwert 11.000 Säiten, iwwert 50.000 Fotoën, iwwert 180.000 internen Linken! (Stand: 1.10.2023)
Prais mat Porto:  30 €
 
Bei Bestellung vun dem "industrie.lu -  USB Stick" kritt Dir déi jeeweils aktuellst Versioun vun industrie.lu, mat enger ganz performanter Recherchefunktioun heem geschéckt.

Dësen USB Stick kënnt als Äntwert op déi vill Ufroen no enger Versioun vun industrie.lu déi een "an de Grapp" huelen kann an op d'Fro wéi een industrie.lu ënnerstëtze kann. Wéinst den dausenden Säiten, Biller a Linken vun industrie.lu ass et leider ganz schwéier industrie.lu als Buch erauszeginn.

Den industrie-lu - USB Stick erméiglecht natierlech och nach méi eng grouss Verbreedung vun den Informatiounen déi op dem Site industrie.lu publizéiert sinn, a gëtt jidderengem d'Méiglechkeet eng eege Kopie ze hunn. Kontaktéiert eis ënnert Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. fir weider Informatiounen.

(D' industrie-lu - DVD gëtt et zënter 2023 net méi, well de Contenu vum industrie.lu net méi op eng DVD passt.)

Weiderhëllefen kann een eis awer och mat alen Dokumenter, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpakung, Reklammen, Fotoen, Bicher, asw. vun lëtzebuerger Industrien. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Der natierlech zréck!


industrie.lu a.s.b.l.
IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Gitt och w.e.g. Är komplett Postadress un (well déi steet net um Virement)!

Villmools Merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!