Wéi een Postkarten-Editeur ass dëst? HL + Spueneschen Tiermerchen - Logo

More
5 months 3 weeks ago - 5 months 3 weeks ago #1038 by jmo
Ech hun elo eng Postkart vum Ch. Bernhoeft fonnt, do ass hannen och dee  Spueneschen Tiermerchen - Logo  drop, awer mat der Schrëft: B. LUX - KARTEN



Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 2 months ago - 1 year 2 months ago #939 by admin
Laut dem Här Gondringer steet HL fir Imprimerie artistique Dr. M. Huss. Luxembourg

Villmools Merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 5 months ago #778 by Otto Räsiclé
Heintzé Librairie, ass et eventuel.
Am Kulturhuef, Dréckereimusée zu Grevenmacher, déi hunn eng interaktiv Borne e groussen "touch-screen" vun A-Z mat dem Historique, vun allen Dréckereien am Land.
(Um 1. Stack hannen, um Ënn vun der Timeline à droite).
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago - 2 years 6 months ago #768 by jmo
Hei ass eng Postkart mat HL als Editeur:



hei ass déi selwecht Postkart mat Manufacture de Cartes-Vues E. Hansen, Mersch als Editeur:



Huet elo den Edmond Hansen, Mersch och ënnert dem Numm HL

Postkarten verdriwwen, oder hun déi 2 zesummegeschafft?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 7 months ago - 2 years 7 months ago #752 by admin
Wéi een Postkarten-Editeur ass dëst?

HL + Spueneschen Tiermerchen - Logo

Wat heescht HL?

Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login