Helleg Barbara Dolomitwierk Wasserbelleg - Geléist

More
1 year 8 months ago #837 by clauhe
Merci vir dess Info. War mär haut op Waasserbëlleg déi zwee Bicher (Band 1 an 2) sichen. Ganz interessant. Déi Waasserbelleger Berens-Barbara ass 1950 an déi Rëmelenger Berens-Barbara 1952 ageseent ginn. Bis op e puer Deeteiler glächen déi zwou sech.
mbG aus dem Minette.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 8 months ago #836 by admin
Hei ass d'Äntwert vum Ben Minden: Villmools Merci!

Iwwert d'Kalkwierk Waasserbëlleg hun d'Geschichtsfrënn Mertert-Waasserbëlleg am Band II : "Eine Zeitreise durch unsere Gemeinde" op de Seiten 111-127 en Artikel iwwert d'Kallekwierk publizéiert. Den Auteur ass de Robert Ronk, e Bëlleger Jong. Hien huet och iwwert d'Helleg Barbara geschriwwen, an et ass och eng Foto vun Statue am Artikel.

D'Barbara-Statue ass no Aussoen vum Auteur verschwonnen.

Déi zwee Bänn iwwer d'Geschicht vu Mertert a Waasserbëlleg sin iwregens op eiser Gemeng zu Waasserbëlleg ze kréien.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago #835 by clauhe
Gudden...
Ech sichen eng Foto vun der helleger Barbara aus dem Berens sengem Dolomitswierk zu Wasserbelleg oder wees ee wou dess Statue haut steet ?
Merci vir all Hellef.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu-Login