Wéi een Dancing ass dëst? Geléist!

More
1 year 6 months ago - 1 year 6 months ago #897 by admin
Replied by admin on topic Wéi een Dancing ass dëst? Geléist!
Dëst ass effectif eng säitech Vue vum  Dancing GAIETE, um Lampertsbierg, 12 Avenue Muhlenbach, haut 20 avenue Pasteur .

Mir konnten dëst mat Fotoen aus der Phototkéik identifizéieren. Op eiser Dancing GAIETE -Säit ass och eng Foto vum  Dancing GAIETE vu viir, kuerz iert een ofgerappt gouf.

Villmools Merci fir all Hëllef fir dës Fro ze beäntwerten!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 8 months ago #878 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wéi een Dancing ass dëst? Geléist!
Gudde Moien
Wann, awer nemmen wann desen Dancing Gaieté hei op der Foto um Lampertsbierg war da wär dat am Hannergronn rue Jean l'Aveugle.
Zu der Leuchtreklamm un der Corniche. Hei kann een och mat e bessien Fantasie dat Wuert Gaieté liesen.
Mee dat hei kann awer och op enger ganz aanerer Platz sinn.
Sich geet also weider.

mbG
Claude
The following user(s) said Thank You: Robert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 8 months ago - 1 year 8 months ago #877 by Robert
Replied by Robert on topic Wéi een Dancing ass dëst? Geléist!
Wann ech dat riichteg verstinn misst dëst dann een Deel vun der Rue Jean l'Aveugle sinn, oder?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 8 months ago #876 by admin
Replied by admin on topic Wéi een Dancing ass dëst? Geléist!
Op der Foto ass  uewen bei der Corniche  vum Dach beim Kullang  wahrscheinlech eng Leuchtreklamm matt elektrischen Bieren, giw ech emol mengen.

Bis dann,
Marcel

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
More
1 year 8 months ago - 1 year 8 months ago #870 by admin
Gudde Moien,

Wéi een Dancing ass dëst? wou ass dëst? zu Esch ? wat steet ënner "Dancing"?




Wéi eng aner Haiser oder Detailer sinn hei ze erkennen?



Villmools Merci fir all Info! - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login