Wou gouf dës Foto den 23.7.1939 zu Miersch gemaach? Geléist!

More
1 year 7 months ago - 1 year 7 months ago #884 by clauhe
Gudde Moien
Dat hei mist an der rue Grande-Duchesse Charlotte zu Miersch gewiecht sinn.
Dat Haus huet haut No 27 an do ass d'Firma Electris drann. D'Fensteren um éiste Stack sinn haut nach esou.
Dat Gebei hannert de Beem dat ass haut Firma HfM Hoffmann Mersch .
mbg
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 7 months ago - 1 year 7 months ago #883 by admin

Et ass d'Maquette vum Nationalmonument vun der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg um Krounebierg zu Miersch - op engem Won fir den Ëmzuch fir d’Onofhängegkeetsfeier (Kantonal-Jahrhundertfeier in Mersch) den 23.7.1939 zu Miersch (Collection: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.)
  • Wou gouf dës Foto genee gemaach? Hei Détailer vun der Foto:
  • Ginn et weider Fotoen vun dem Emzuch / vun där Feier, wou een déi Plaz vläicht besser erkennt?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login