Wien huet 1887 un Renson, chef d'exploitation, Rumelange geschriwwen? Geléist!

More
1 year 3 months ago #925 by hedom
Gutt méiglech dat hie bei sengem Schwéierpapp beschäftegt war, dem  Adolphe THIRY (directeur de la Société de Hollerich - Rumelange).

Ech denken D’Kaart geet un de Louis Ignace Clement RENSON vu Kayl (27.7.1843-21.4.1922), Gruben-Director wéi am acte de naissance vun séngem Jong Louis Eugène vum 4.9.1887 steet.

« Wagons transportés à nos voies » héscht fir mech wéivill Wagon’en (Eisenäerz?) geliwwert goufen (vum Transporteur Schmit).

schéinen Owend
The following user(s) said Thank You: Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 3 months ago #922 by Minettsdapp
Et ass schon erstaunlech wat een alles op esou enger aaler Postkoart erausfënnt! Villmools Merci!

Mëch giff interesséieren wat mat "wagons transportés à nos voies" gemengt ass, a bei wéi enger Firma den Jean Pierre Nicolas Kersch zu där Zäit geschafft huet.

Villmools Merci am viraus!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 3 months ago #921 by jmo
Villmools Merci fir déi Info! Dat ass d'Léisung!

e schéinen Owend, jm

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 3 months ago - 1 year 3 months ago #918 by hedom
Ech liesen do J.KERSCH.

Zu Esch gouf et e Comptable Jean Pierre Nicolas Kersch (* 22.1.1861). Hie gouf bestued den 8.8.1885 zu Esch mat der Anne Françoise Charlotte THIRY, Duechter vum Adolphe THIRY , Directeur des Mines.

Als Comptable kënnt hien durchaus als Auteur vun där Kaart a Fro. Och deiten säi Schwéierpapp an Zeien op den Akten (HOFFMANN Nicolas, Minendirektor / RIES Peter Joseph, Ingenieur) dorop hin, dass hien Kontakt zum Escher industrielle Milieu hat.

Ähnlech Ënnerschrëften wéi op der Kaart sin op sëngem acte de mariage, um acte de naissance vu sëngem Jong Adolphe Nicolas Marie 16.4.1886 :


a vun deem sëngen acte de décès 20.5.1897.
The following user(s) said Thank You: admin, jmo, Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 3 months ago - 1 year 3 months ago #917 by jmo

A Monsieur Renson, chef d'exploitation, Rumelange - de ?, Esch/Alzette ( Carte postale : 1.7.1887 collection: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.)
Il nous manque encore le nombre de wagons transportés à nos voies par M. Schmit en Juin courant. Prière de me le faire parvenir pour demain
salut sincère

Wien huet hei ënnerschriwwen?

Wéi ass de Virnumm vum Här Renson? Louis?

E Responsabele vun der Metze Schmelz zu Esch ?


Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef! - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login