Wéi e Gebai ass dëst vun Rëmelenger Schmelz? Geléist!

More
1 year 1 week ago #961 by Minettsdapp
Ok, villmools Merci fir déi Info! Op där Foto hunn ech gemengt déi Gebaier wären no bei den Héichiewen, dat war awer net de Fall:

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 week ago #960 by clauhe
Gudde Moien
Dat Gebai ganz ennen op der Postkaart ewéi och dat Gebai mat dem Iwwerdaach ganz riets ennen, dat ass Cimenterie. D'Endstatioun vun der Seelebunn, der Retsch wéi se och nach genannt ginn ass, war, an dat ass vir Lëtzebuerg eemoleg gewiecht, uewen direkt op den Héichiewen.
Firwat awer elo hei op der Postkaart "TETANGE" steet dat kann ech net genau soen. Cimenterie stong do ewou haut Tankstell Q8 (Siedler) ass an hei si mär nach emmer op der Rëmelenger Säit. Gemengegrenz verleeft hei just riets laanscht Q8. De Fotograf deen desst Bild gemaach huet, dee stung schon zu Téiteng.
mbG
Claude H.
The following user(s) said Thank You: Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 week ago - 1 year 1 week ago #959 by Minettsdapp
Ech hun elo grad folgend interessant Foto vun der Rëmelenger Schmelz hei fonnt, déi meescht Fotoen sinn vun der Rëmelenger Säit geholl:


Wéi eng Gebaier sinn dëst vun Rëmelenger Schmelz?

lenks déi aal Cimenterie? - riets d'Endstatioun vun der Seelebunn?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login