Café Scharres-Ensch - wou war den? Geléist!

More
11 months 4 weeks ago #970 by Jerry
Cool wat een nach alles erausfanne kann! Merci!

Do schingt jo och ee Schräiner an der Géigend gewiecht ze sinn, oder war dat de Wiert selwer deen och am Holz geschafft huet?

Mech ging interesséieren wéi een Typ Schieff do stinn, mat där Belüftung (Garde-manger?) oder Deko uewen? Do gouf jo a groussen Steckzuelen fabrizéiert!

Ginn et nach esou Scheef an aalen Haiser an der Feelener Géigend?

Villmols Merci am Viraus!

E schéinen Dag,

Jerry

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 months 4 weeks ago - 11 months 4 weeks ago #969 by clauhe
Gudden...
Am Joer 1900 gouw et e Café Jean Scharres-Ensch zu Niederfeelen .
De kann an der rue de Bastogne, haut No 52, gewiecht sinn.
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 months 4 weeks ago #968 by admin

Café Scharres-Ensch - wou war dëse Café? (Collection: Romain Gaspar)

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!  - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login