Wou stung / steht dës Millen - Bild vum Beckius? Geléist: d'Laerensmillen am Syrdall

More
9 years 10 months ago #195 by jmo
Hei eng Info vum Yolande Beckius:

"dât ass d'Laerensmillen am Syrdall - töschent Mertert an Manternach - d'Plâz wou se stung ass bâl genau bekannt. Sie wor schons baufälleg wéi de Jemp se gemôlt hât. Hien huet d'Laerensmillen ganz vill gemôlt - hien wollt se eigentlech kâfen fir dran ze wunnen - awer sie wor ze wéit futti (gottseidank soss wär de Jemp nach méi fréih gestuerwen - ët ass ganz fiicht dô an bâl keng Sonn/Luucht).

Hoffen Iech heimat gehollef ze hun."


Villmols merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 years 6 months ago - 11 years 6 months ago #85 by jmo
Wou stung / steht dës Millen? op der Musel?



Vieux moulin au soleil (1924), Jean Pierre Beckius - Huile sur toile 66,5 x 100 cm © Collection du Musée national d’histoire et d’art Luxembourg

An engem Buch iwert de Moler kinnt jo méi iwert d'Millen stoën.

Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login