Café-Restaurant Dominicy Schmit wou ? Kënzeg oder Rodange ?

More
5 months 1 week ago - 5 months 1 week ago #1039 by clauhe
Déi lescht Foto op der Säit   "Kënzeg - Küntzig - Clemency: Boucheries - Boulangeries - Cafés - Epiceries - Magasins - Menusiseries - Restaurants, etc" wéist eis de Café-Restaurant Dominicy-Schmit.
Den Jean-Etienne Dominicy, gebuer zu Kënzeg ass den 22.2.1903 zu Kënzeg man Marguerite, Josephine Schmit, gebuer zu Kënzeg, bestuet ginn.
An der Hochzäitsakt ass de Beruf vum Jean-Etienne mat Bauer uginn.
D'Kanner vun dëser Koppel sinn zu Rodange, Gemeng Péiteng den 9.11.1907 / 6.10.1908 / 30.8.1910 op d'Welt komm.
An alle Gebuertsakten vu senge Kanner get hien als Beruf "Gastwirt" un.
Am Mémorial No 63 vum 29.11.1910 lese mer:
1990° - Café-Restaurant Dominicy-Schmit, Rodange. Exploitant: Jean-Etienne dit Jean-Pierre Dominicy, Rodange.  Du 11 novembre 1910.

War dëse Café-Restaurant hei op der Foto zu Rodange ?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login