Wien ass den H. Clemens aus der Géigend vun Duelem - Réimech? Geléist!

More
3 weeks 1 hour ago - 2 weeks 6 days ago #1100 by admin
Hei ass d‘Léisung vum Frank WILHELM, als Reaktioun zum Artikel iwwert industrie.lu vum Frank Weyrich haut am Wort:

C’est le portrait de Jean-Henri Dondelinger II-Faber (1786-1850), patron de la faïencerie d’Echternach après le décès de son père, le fondateur, Jean-Henri Dondelinger Ier. Tu cites le IIème du nom dans ta page consacrée aux faïenciers d’Echternach:   www.industrie.lu/DondelingerEchternach.html

Villmools Merci!
 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 months 2 weeks ago - 3 months 4 days ago #1068 by jmo
Ass dëst den H. Clemens op dëser aler Foto, deen Numm ass mam Bläistëft dropgeschriwwen? Wa jo, wien ass deen H. Clemens? Hien ass wahrscheinlech aus der Géigend vun Duelem - Réimech (Dalheim / Remich), an huet eventuell ee Lien mat der Famill Velter vu Réimech :

 
H. Clemens - Ernest MAROLDT, photographe à Dalheim (Canton Remich) (Collection Aschman-Bodson)

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Alles Gutts,

Jean-Marie - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login