Geléist: Wéi eng Fabrik ass dëst zu Dikrech - 1937? P&Ch

More
11 years 6 months ago - 11 years 3 months ago #96 by jmo
Dat do ass d'Léisung: "Steenfabriek Diekirch" ass de Chantier / d'Steng - Lager vun Ponts & Chaussées zu Dikrech!

D'Foto gouf dann effectif vum Härebierg geholl, a de Baam kinnt d'"huel Weid" sin.


Villmols merci,

Jean-Marie

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 years 6 months ago - 11 years 6 months ago #95 by Fränk

Kinnt ët nët de Site vun Ponts & Chaussées, Diekirch op der Gilsdrëfer Strooss sin?

E schéine Bonjour,

Fränk

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 years 6 months ago - 11 years 6 months ago #93 by jmo
Wéi eng Fabrik ass dëst? D'Foto gouf vun engem Bierg gehol - bei engem Bam mat ganz spezieller Form. D'"huel Weid" um Härebierg?

Laut der Opschrëft hannen op der Foto wier ët eng "Stengfabrik" Zillefabrik? zu Dikrech. Ech giff awer éischter op eng Seeërei oder ähnleches tippen, ee ass kee Kamain, oder Gebaier an der direkter Emgéigend ze erkennen...







Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login