industrie.lu Tablet

More
10 years 3 months ago #71 by Steve
Replied by Steve on topic industrie.lu Tablet
N'Owend,

D'App "DS Battery Saver" huet bei mir och dee klenge Problem geléist.

Villmols merci!

Steve

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 3 months ago #70 by jmo
Replied by jmo on topic industrie.lu Tablet
Gudden Owend,

Mir ass de selwechten Phänomen mat der Batterie opgefall. De Problem schingt sëch méih oft bei Android-Tablets ze stellen, well ët gët eng Partie Apps déi sëch dorëm këmmeren. Ech testen de Moment d'gratis App "DS Battery Saver" a gin e Feedback esoubal ech e bëschen Erfahrung domat hun.

Et freet eis, dat den "industrie.lu-Tablet" Ärem Papp gefällt an dat en domat eens gët, an hoffen dat nach vill annerer iwert den "industrie.lu-Tablet" Zougang zum Internet fannen.

Bis geschwenn,

Jean-Marie Ottelé

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 3 months ago - 10 years 3 months ago #69 by Romain M.
industrie.lu Tablet was created by Romain M.
Gudde Moien,

Ech hun mengem Papp den "Industrie.lu"-Tablet geschënkt well hien sëch fir alles interesséiert wat hei am Land mat Industrien ze din huet. Do gët ët a mengen Aen keng Alternativ zum industrie.lu. Hien huet leider (nach) keen Internet, mais kann sëch elo awer den industrie.lu gemittlëch an der Fotel ukucken.

Hien gët och wëll gutt eens dermat. Wat eem am beschten gefällt ass d'Méiglechkeet fir alles ze vergréisseren an fir eppes Bestëmmtes ze sichen. (Ech ging mengen dat een elo geschwënn och Internet doheem wëllt)

Hien huet just eng kleng Fro: D'Batterie gët och eidel wann den Apparat nët gebraucht gët.

Well dee Problem bestëmmt och bai anneren optaucht, hun ech dëst an de Forum gesat.

Villmols merci fir all Hëllef.

Bis geschwënn,

Romain
Last edit: 10 years 3 months ago by Romain M..

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.079 seconds
Go to top