Café Schaus, Wilwerdang op dëser Foto? Geléist!

More
13 hours 9 minutes ago #1012 by admin

De Café Schaus ass op dëser Foto - en ass giel markéiert. Et ass haut effektif den Restaurant L'Ecuelle, Wilwerdang, 34 Hauptstrooss.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 month 3 weeks ago - 1 month 3 weeks ago #986 by Mich90
Ech mengen den aalen Café Schaus ass haut den Restaurant L'Ecuelle, Wilwerdang, 34 Hauptstrooss

Iwwert anner aal Caféen & Betribber zu Wilwerdang wees ech leider näischt
The following user(s) said Thank You: Eisleker

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 month 3 weeks ago #985 by clauhe
Zu Wilwerdang gouw et eng Epicerie mat Café. Et wor Madame Elise Schaus an hier Schwester Pauline Schaus déi des jorelaang bedriwwen hunn. (mywort 4.9.2012)
Elise Schaus koum den 22 August 1922 zu Wilwerdingen (Gemeng Ulflingen) op d'Welt. Hier Elteren waren den Johann Schaus vu Beruf Bauer an Margaretha Thielen. (acte etat civil)
De Johann (Jean) Schaus keeft e puer Joer virun sengem Doud d'Epicerie a Café Thinnes, do wou hien fréier als Kniecht geschaft huet. ( LW 12.7.1965)
Villächt hellefen des Infoen hei e besien weider fir eraus ze fanne wou desse Café wor.
The following user(s) said Thank You: Eisleker

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 month 3 weeks ago #984 by Eisleker
Gudde Mëtten,

ass de Café Schaus (oder soss e Café, Geschäft, Betrib, etc.) vu Wilwerdang op dëser Foto?



Villmools Merci am Viraus!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.103 seconds
Go to top