Wéi eng Installatioun ass dëst op ARBED-Belval - 2003 ? Geléist!

More
2 days 14 hours ago #893 by Mich90
Villmools Merci fir déi Erklärung!

E schéinen Dag,

Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 days 21 minutes ago #892 by clauhe
Laut Erënnerung vu mengem Papp sinn dat do Fakelen.
Am Héichuewen entsteet Gas, deen da mat grousse Réier weidertransportéiert gëtt. Een een Deel ass op Déifferdeng gaangen wou en do am Héichdrock- an am Nidderdrockkessel verbrannt ginn ass. Hei gouf Waasserdamp gemaach fir eng Stroumturbin rsp. gouf an d'Heizungen (Fernwärme) agespeist.
War elo ze vill Gas do, wéinst Aarbechten oder Pann da gouf deen iwwerschëssegen Gas mat hëllef vun dëse Fackele verbrannt.

mbG
Claude
The following user(s) said Thank You: Mich90

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 days 15 hours ago #891 by Mich90
Ech sinn elo grad hei op folgend Biller gestouss:


Wat ass dëst fir eng Installatioun op ARBED-Belval - 2003?

Ech freee mëch iwwert all Äntwert!

Villmools Merci am viraus!


E schéinen Dag,

Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.081 seconds
Go to top