Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?

More
1 day 5 hours ago - 1 day 5 hours ago #888 by admin
Gudden Moien,
Hei ass meng Iwwerleeung zu dem Café vun Esch:


An der Fënster do stinn e puer Buschtawen déi een och mat Hëllef vun deem Spigel un der Mauer kann erkennen.

Buschtawe " PAS"  sinn hei ze erkennen a missten da jo an deem Numm dra sinn.

Mat e besëssen Fantasie kéinnt een do liesen "Café-Restaurant  - Dancing  - , an ënnendrënner kéint den Numm vum Besëtzer oder den Numm vum Café stoen.



Mee wou dat zu Esch war, weess ech net,.. leider. )-:

mbG,

Claude Hermes

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 days 5 hours ago - 5 days 41 minutes ago #887 by jmo
Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?



Un der Mauer hängt ee  Battin - Kalenner...

D'Fotoen missten tëscht  1937  an  1948 sinn, well  op enger Foto gesäit een ee   Battin - Kalenner ( Battin gëtt et eréischt zënter 1937, ech weess och net ob se déi éischt Joren Kalenneren drécke gelooss hunn), et goufen déi éischt 10 Joer wahrscheinlech och net esouvill   Battin -Caféen;       an d' Fey Frères, photographes, Esch/Alzette woaren 1949 zu Mondorf. Wéini se tëscht 1944 an 1948 vun  Esch op Mondorf geplënnert sinn, hunn ech nach net erausfonnt.

Hei si weider Fotoen (Vergréisserungen): Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?


Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.084 seconds
Go to top