Fabrique de canoës
Kayakfabrik
Keeper - Werke
Albert Dumont

Val de Hamm / Luxembourg


Der kluge Paddelsportler fährt KEEPER
Keeper-Werke A. Dumont (Collection: Marco Schaul)
Luxemburg - Hammerthälchen
Impr. Art. Ed. Huss & Co, Luxembg



Historique - Geschichtlicher Überblick
   
   
? Fondation - Gründung :
 

Albert Dumont, gebuer 1902 als 4. vu 6 Kanner zou Hamm, deemols Gemeng a Paar Hamm.
De Grousspapp, Johann Dumont, war Nuetswiechter op der Schläifmillener Duchfabrik. En huet gewunnt vis à vis vun der Wollwäscherei op Gantebäinsmillen.
De Papp, de Pierre Dumont *1864, war Viraarbechter a Virwierwer (Vorweber - De VIrwiewer mécht op engem spezielle Wierwstull Ëntwërf fir nei Stoffmuster, déi dann eventuell an d'Produktioun kommen) op der Duchfabrik Godchaux op der Schläifmillen a war bestued mat Marie Gudendorf aus dem Neiduerf. Si hun am Äppelwee, Hammerdällchen an engem klengen Häische gewunnt. D’Waasser sinn si bis 1920 op de Fetschebuer am Äppelwee bei der Barrière siche gaangen. 1911 huet de Papp e grousst Haus am Äppelwee gebaut.

 

Eng kleng Quell am Hessenhiwwel huet e wéineg Waasser geliwwert, fir een Deel vum laange Gaart dee mat 500 m Front laanscht d’Strooss louch  ze netzen, D’Geméis aus dem  Gaart war eng 2. Akommesquell fir d’Famill duerchzebréngen a fir  d’Schold vum neien Haus mat Stall (1911) op dësem „Terrain vague“ ofzedroen.

  No der Primärschoul (Schoulmeeschter Kieffer) ass den A.D. vun 1914 bis 1918 op de Lampertsbierg an d’Handwierkerschoul, Sektioun Baufach gaangen, wou am Steeen an am Holz geschafft gouf . De Professer a Skulpteur Batti Wercollier (genannt „Bubi“*) Papp vum bekannte Skulpteur Lucien Wercollier hat säin Eiergäiz ugestëppelt, wéi hien no enger Aarbecht zum A.D. sot: „Mäi Jéngelchen, elo hues du bewisen, dass du eppes kanns; maach dass dat elo sou weider geet!“ (Nodeem hien gefuddelt hat, wéi en heemlech mat  färdege Schablounen séng Profiler op d’Blatt gezeechend hat).
  No der Handwierkerschoul ass hien op Iechternach bei de Steenhaer Franz Ewert e puer Joer schaffe gaangen. De Familjegrafsteen um Hammerkiefecht ass eng Aarbecht aus der Zäit (am Retrostil).
  Duerno an den zwanzeger Joeren ass en duerch Empfeelungsschreiwe vun sénge Professeren aus der Handwierkerschoul op Nanzeg an d’ Miwwelschräinerei „Menuiseries réunies“, Nancy agestallt ginn an duerno  bei der berühmter Firma Majorelles, wou hien d’Miwwel-Skulpturen am Jugendstil an am Art Déco  gemaacht huet. Dat war  fir ee Gesell deemols déi beschte Referenz aus ganz Frankräich, fir séch als Skulpteur hei ze Lëtzebuerg an den zwanzeger Joeren ze etabléieren.
  Gudd bekannt mat deem deemolege Paschtouer vu Sandweiler, dem Paschtouer Wampach (dee virdrunn zu Hamm Paschtouer war), krut hien deemols als ee vu séngen éischten Opdreeg, eng stilgerecht Bekleedung  um Fouss rondrëm de Chouer an der Sandweiler Poorkiirch ze maachen. Een anaren Optrag war ee Barockpanneau um rietsen Säitenaltoer ze plangen an auzeféieren. Dat war eng besonnesch Erausfuerdeung, war jo net e Personnage: en Engel an engem Barockdekor gefrot. Also ass den A.D. den Urheber vun desen Aarbechten, am Ennerscheed wéi et am Heft vun 1983 „Heimat und Mission“ duergestalt gi war.
1929 gouf den Albert Dumont zu Hielem mam Suzanne Bintner bestued, a si  krute 4 Kanner.
 

An den Drëssegerjoeren gouwen d’Skulpteursaarbechten ëmmer manner gefrot. Séng Aktivitéiten huet hie mat séngem Brudder Mett  zesummen op Bauschräinerei verluegt. Z.B. ass ee Relikt aus der Zäit déi grouss fassförmeg Dier an der Wellesteener Kellerei nach haut ze gesinn.  Ausser Miwwelen  a Bauschreinerei war de Betrieb spezialiséiert op Sportbootsbau, Renneiner a Rennzweier,  Paddelen, Skier, Schlitten, Beiekëschten a.s.w.

 

Hie war Grëndungsmitglied 1935 vun der Schräinerfederatioun a vun der Photographefederatioun, well säi Hobby war seit  séngen nanzeger Gesellejoeren d’Photographie.
Mat séngem Studienofschloss krut hie vu sénger Mamm 1919 eng professionel 10 x15 cm Kamera geschenkt, woumatt dann och ferdeg Miwwelarichtungen aus den nanzeger Ateliers dokumentéiert gouwen.

   
   
 

Als sehr erfolgreicher Kayaksportler kenterte Jang Schmit einmal beim Training auf der Alzette auf Gantenbeinmühle und verlor dabei seine 4x6 cm Exacta-Reflexkamera. Nach langen Tauchversuchen fischte er ihn wieder heraus. Die funktionsuntaugliche, einäugige Spiegelreflex-Kamera, bei meinem Vater vor dem Kriege mit einigen ersparten Monatslöhnen teuer erworben, wurde später von Jang als scheinbar wertlos geltend, aber seltenes Stück, an einen ameriknischen Soldaten für Kaffee, Zigaretten oder sonst was damals Kostbares verhöckert.

 

Als weitere pikante Einzelheit über den  Rennfahrer mit selbstgebautem Einer und Paddeln, also ein Spezialist in diesem Fach - er war Schreinergeselle bei meinem Vater - wäre Folgendes zu erwähnen: Beim Start eines Rennens schlug Jang seine Paddel propellerartig mit solcher Kraft ins Wasser, dass sie in Stücke gingen. Schuld an diesem Missgeschick, konnte er niemandem anhängen, als sich selbst als eigener Paddelmacher und …seinen allgemein bewunderten Herkules-Armmuskeln. Als Favorit des Rennens war der erhoffte Sieg von Anfang an zunichte, zur großen Enttäuschung seiner Fans, wozu auch ich natürlich gehörte.

   
   
(1936) (Gründung des Kayak Club Olympia Hamm, seit 1997 Kayak Club Hesper. Das Bootshaus liegt an der Gantebeinsmühle.)
  Im Zusammenhang der Kayakklubtätigkeit könnte man Weiteres erzählen: Die Boote wurden in den alten Räumlichkeiten der Wollwäscherei auf Gantenbeinmühle aufbewahrt, wo später ein Einbruch verübt wurde und viel Schaden angerichtet wurde.
3.11.1936
Keeper

Marque de fabrique N°: 8059 - Starre Paddelboote aus Holz

A. M. Dumont, Hammerthälchen

<1937

Keeper-Werke A. Dumont
Luxembourg - Hammerthälchen

Dumont Albert (1902 - 2001)

baute u.a. Kayaks für den Kayak Club Hamm

   
1938

Expo

 

Jemp André, Schräinergesell, mat séngem selwer gebaute Rennzweier

   
   
23.1.1939

Der eindrucksvolle Fackelzug vom 23. Januar 1939 ist mir in reger Erinnerung geblieben, da ich 7-jähriger Knirps als  stolzer Fackelträger im Hammer Kayak-Club  mitmarschierte und zuletzt im rot-weiss-blau girlandegeschmückten, glühbirnenübersäten, blaulackierten Rennboot Platz nehmen durfte. Durch die Großgasse und am hellerleuchteten, großherzoglichen Palais vorbei, wo „Vive d’Grande-Duchesse Charlotte“ gerufen wurde, machte ich wohl eine niedliche Figur, fror aber erbärmlich an diesem sehr kalten  Winterabend. Auch das groß angekündigte, spannungsvoll erwartete Minifeuerwerk  auf dem Knuedler vor dem Stadthaus, einem Spektakel wovon ich auf den Schultern meines Vaters enttäuschend wenig sah, war für meine durchfrorenen Glieder kein tröstender Ausgleich.

(Source: Ferdy Dumont)

   
5.1939

Canoe-Rennen Diekirch - Reisdorf 9 km

Renn-Zweier: 1. Kayak Club Hamm (Nickels - Grosber) in 42,25 Min.
Sport-Zweier: 1. Kayak Club Hamm (Krier - Ronk) in 45,04 Min.
Renn-Einer: 1. Kayak Club Hamm (Jean Schmit, Geselle der Keeper-Werke) in 47,52 Min.
Sport-Einer: 1. Kayak Club Hamm (Weidig) in 48,10 Min.

  Den Albert Dumont wollt sech net oder nëmme minimal u „Wehrmachtsaufträge“ bedeelegen. Nëmmen dofir gouf et Holz a Schräinermaterial. Als „Schriftführer der Schreinergenossenschaft“ gouf him de Prozess zu Tréier gemaach, wegen „Verdachts auf gewollte Verzögerung kriegswichtiger Aufträge“ deen den Affekot Georges Margue knapp zu Gonschte  vum Albert Dumont konnt gewannen.
<=1942 Dumont Albert, Schreinerwerkstätte für Sportartikel, Möbel und Bau
1948/49 Menuiserie Dumont Albert
rue des Pommiers (Fetschenbour) 21-23
Tél. 55-68
 

 

 

 

<=1957 Dumont Albert, maître-sculpteur sur bois, Hamm, rue des Pommiers 21, Cents
   
? Arrêt de la production
   
 
(Source: Ferdy Dumont)


Haus Dumont, Äppelwee: Den Ëmbau fir de Schräineratelier - 1920 (Photo: Albert Dumont)


Äppelwee (Photo: Albert Dumont)


Jang Schmit 1925 als Léierjong virum Atelier am Äppelwee, zesumme mat Albert & Mathias Dumont an 2 Gesellen virum Schräineratelier, mat dem Schrëftzug A & M Dumont


Jemp André,Schräinergesell, mat séngem selwer gebaute Renneiner


Fetschebuer - Fetschebour (Photo: Albert Dumont)

Produits - Produkte
  Début production   Fin production
  Paddelboot, Kanu, Kajak      
  Einer, Zweier      
  Paddel      
Skier      

Bob

Schlittebob

     

Beienhaus

Bienenhaus

     


Jang Schmit vun Hamm mat séngem Kanu


Le meuble pour vous
A. Dumont
Menuiserie
Arts Appliqués
rue des Pommiers
Hammerthälchen
Luxembourg - Hamm


Bibliographie
  Titel - Titre
Author - Auteur - Autor
Date
Edition - Verlag
Contents - Contenu - Inhalt
Pages - Seiten
ISBN

Livre d'adresses RECORD

Grand-Duché de Luxembourg

4e édition 1948-49

Les Editions Publicitaires Record

Schaeffer Marcel

1948-49   Bourg-Bourger
40 avenue de la Gare
Luxembourg
925  

Liens / Links
Seeërieën / Holzindustrieën zu Lëtzebuerg - Industries du bois / Scieries au Luxembourg - Holzindustrien in Luxemburg

This is not the official page of this company / person. Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Ceci n'est pas la page officielle de cette firme / personne. Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Dies ist nicht die offizielle Seite dieser Firma / Person. Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail.

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo