Hutfabrik zu Miersch

More
3 years 11 months ago - 3 years 11 months ago #628 by Claire
Hutfabrik zu Miersch was created by Claire
Moien,
mir sichen Donnéeën iwwert Manufaktur Hutfabrik zu Miersch déi Mëtt 19ten Joerhonnert do hier Fabriken hat (ënneranerem och eng genau Adress).
Mir mengen, dass zumindest eng Annex vun der Fabrik am Ubau riets (riets ob der Foto) gewiescht kéint sinn. Kann dat eventuell een bestätegen, respektiv ons weider hëllefen, wat am Deel riets gewiescht kéint sinn (eventuell en Rapport mat der Architektur).
Haiteg Adress 89, rue Nicolas Welter zu Miersch.
Villmools Merci fir all Tipp!

Hei den Link mat der Foto:
drive.google.com/file/d/1XNUGLlDJEq-8RZE...nsp/view?usp=sharing

Hei ass nach eng Foto, wuel vun 1926:
drive.google.com/file/d/1KZqtN4Nme9RTZHQ...Rw/view?usp=drivesdk

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login